Richteg lagerenWéi eng Liewensmëttel kommen net an de Frigo?

Wat sinn eigentlech Liewensmëttel, déi mer op kee Fall an de Frigo stelle sollen? Déi eng hunn d'Avocado am Frigo an déi aner net, mee wou kënnt se hin?

Leschten Update: 14.08.2019, 04:34:33

© pexels.com

D'Avocado soll op kee Fall an de Frigo! Lagert se bei Zëmmertemperatur, sou dass se nach e bësse räife kann. Leet een eng Avocado an de Frigo, dauert de Räifprozess nämlech eng hallef Éiwegkeet. De Knuewelek soll een am beschten als ganz Zwiwwel an de Schaaf leeën. Wéinst der héijer Fiichtegkeet am Frigo gi se soss extrem séier schlecht a si fir näischt méi ze gebrauchen.

Éischter verwonnerlech, mee enger Etüd no sollt een och d'Kornischong net an de Frigo leeën, well se soss ze séier wässereg a mëll kéint ginn. Einfach d’Geméis an e klenge Kuerf bei Zëmmertemperatur lageren a se ass eng Éiwegkeet gutt genee esou wéi d'Tomaten. Leet d'Tomaten am beschten an en Eck an d’Kichen, wou se iech net stéieren. Bei ze killen Temperature gëtt d'Haut beschiedegt an d'Tomate gi wässereg a mieleg.

Wichteg fir d'Moiesiessen: eisen Nutella! Beim Nutella ass et relativ egal, wou der en histellt. Dir kënnt en an de Frigo stellen, mee dann ass et natierlech méi schwéier beim Schmieren. Geschmaachlech ännert sech näischt a méi laang hält en och net. Komme ma zu gudder Lescht nach bei d'Eeër. Eigentlech denke ma jo Eeër missten an d’Eeërfach vum Frigo kommen, mee Eeër brauchen eng konstant Temperatur. Leeë ma se elo an d'Dier vum Frigo, da si se beim Op- an Zoumaachen ëmmer engem Temperaturwiessel ausgesat, wat net gutt ass. Leet d'Eeër einfach an d'Mëtt vum Frigo sou dass se a konstanter Keelt bleiwen.

Falls der elo mengt, dass dat all Produit ass, deen net an de Frigo soll - natierlech net. Saache wéi Nëss, Hunneg, Olivenueleg, Gromperen, Brout a nach villes méi fannen natierlech och keng Plaz am Frigo.

Lauschtert hei de ganze Reportage: