An der Sonn brutzelenGi mer och mat Sonnecreme brong?

Et ass Summer a vill Leit crèmë sech net a well se behaapte se gi mat Sonnecrème net brong. Ass do wierklech eppes drun oder ass dat nëmmen e Mythos?

Leschten Update: 14.08.2019, 16:48:28

© pexels.com

Natierlech gi mer mat Sonnecrème och brong. Den donkelen Teint, dee sech vill Leit erhoffen, kënnt nämlech aus den Hautzellen an deenen d'Pigmenter gebilt ginn. Duerch d'UV-Liicht gëtt an deenen Zellen de sougenannte Faarfstoff Melanin produzéiert, dee virun de Sonnestrale schützt. Leit, déi aus dem Süde kommen a vun Ufank u méi Sonn gewinnt sinn an och eng méi donkel Haut hu wéi mir, sinn awer nach laang net virum Sonnebrand geschützt.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Sech virum Sonnen acrèmen ass dat bescht, wat ee maache kann. D'Sonnecrème suergt am grousse Ganzen dofir, dass d'Sonnestralen net direkt op eis Haut kommen. Domat hunn d'Melanin-Pigmenter méi laang Zäit fir sech ze entwéckelen. Matt der Sonnecrème op eiser Haut kréie ma also méi lues, mee dowéinst e méi gesonden Teint, dee virun allem méi laang hält. Dass eng Crème net 100% virun den UV-Strale schütze kann, ass natierlech kloer.

Mee hëlt ee Sonnecrème mat Sonneschutzfaktor 30, da gi ganzer 97% vum UV-Liicht ofgedeckt an nëmmen 3% kommen un eis Haut. 3% kléngt net vill, mee déi kleng Unzuel u Strale gi schonn duer, fir de Melanin ze produzéieren an domat brong ze ginn. Wa ma eis net acrèmen, da ginn zwar d'Melanin-Pigmenter direkt brong, mee eis Haut kënnt mam eegene Schutz net no.

Logesch Suite: De sougenannte Sonnebrand. Dat geféierlecht um Sonnebrand ass - wéi jidderengem kloer misst sinn - dass e fir Schied an eiser DNA suerge kéint. Net nëmmen Hautkriibs ass e Risk, mee och dass ma éischter al ausgesinn. Ween also mat 70 sou ausgesi wëll wéi mat 50, soll sech an der Vakanz acrèmen a kann trotzdeem dobäi nach Faarf tanken.