2017Ronn 98 Kilo Plastiksoffall pro Awunner

Wärend 2013 am Ganze ronn 51.200 Tonne Plastiksoffall entstane sinn, waren et 2017 ronn 58.700 Tonnen.

Leschten Update: 14.08.2019, 14:51:54

© Eldoradio

Wéi vill Tonne Plastiksoffall sinn tëscht 2013 an 2019 insgesamt a pro Kapp zu Lëtzebuerg entstanen? Dat wollt den Deputéierte Marc Goergen vun der Piratepartei an enger parlamentarescher Fro vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wëssen. Déi huet elo d’Zuelen tëscht 2013 an 2017 genannt.

Wärend 2013 am Ganze ronn 51.200 Tonne Plastiksoffall entstane sinn, waren et 2017 ronn 58.700 Tonnen. Kuckt ee wat pro Kapp ugefall ass, do waren et 2013 ronn 94 Kilo pro Awunner, 2017 ronn 98 Kilo. Fir 2018 an 2019 ginn et nach keng Zuelen.

Et géing een deemno feststellen, datt d’Tendenz zënter 2013 no uewe gaangen ass. Ma et wier awer sou, dat ganz vill Mesuren zur Offallvermeidung eréischt an de leschte Jore geholl goufen. Dowéinst léist den Impakt sech an dësen Zuelen nach net bewäerten, esou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert. Wichteg Zuelen iwwert d’Tendenz vun der Entwécklung vun de Plastiks-Offäll wäerten dann am Hierscht mat de Resultater vun der nationaler Rescht-Offall-Analyse disponibel sinn.

© Ëmweltministère

De Marc Goergen wollt vun der Ministesch och wëssen, wéi eng konkret Mesuren d’Regierung zënter 2013 ënnerholl huet fir de Konsum vum Plastik ze reduzéieren an ob dës erfollegräich waren. Dobäi huet d’Ministesch eng ganz Rei vu Mesuren opgezielt. Dat geet vu Sensibiliséierungscampagne wou ënner anerem iwwer Konsequenzen opgekläert gouf, bis hin zu Projete wéi den Ecosac oder d’Ecobox.

De Projet Ecosac gouf 2004 lancéiert. Tëscht 2004 an 2016 konnte ronn 5.600 Tonne Plastik agespuert ginn, esou d‘Ministesch. D’Zuel vun de Plastikstute konnt vun 132 Tute pro Awunner am Joer 2004, op 10,8 Tute pro Awunner am Joer 2016 reduzéiert ginn.

D’Konzept vun der Ecobox ass am Juni 2018 lancéiert ginn. Vun am Ufank 6 Restauranten, déi matgemaach hunn, bedeelegen sech no engem Joer méi wéi 100 Restauranten an och vill Kantinnen un dësem Projet. Hei gi keng

Eewee-Plastiker méi benotzt fir Iessensreschter vun de Clienten anzepaken, mee de Client kritt eng Ecobox, déi am Pfandsystem ëmmer erëm benotzt ka ginn.

 

Links