Neie WierkstoffKazenallergie: fäerdeg mam Néitsen a Krazen?

Wee kennt et net: Et geet ee bei de Kolleg, deen eng Kaz am Haus huet an da geet et lass. Et kraazt iwwerall, et néitst een an d'A tréinen.

Leschten Update: 14.08.2019, 15:45:58

© Pexels

Domat ass elo Schluss! Et gi nämlech Hoffnunge fir all déi, déi sech mat der Kazenallergie musse ploen. D'Unisklinik Zürech huet bal 10 Joer dru geschafft, fir e Wierkstoff ze entwéckelen, deen ob d'mannst d'Symptomer vun der Allergie soll miniméieren. Den Impfstoff gëtt net eis Mënschen agesprëtzt, mee der Kaz, sou dass déi Kandidaten, déi wéinst de Sprëtze schwaach fale sech och behandele kënne loossen.

Kazenallergie ginn duerch e Protein ausgeléist, dat haaptsächlech am Pelz vum Déier enthalen ass. Gréisstendeels ass et am Stot ze fannen, wann déi ofgestuerwe Schubber op der Fotelle oder dem Bett leien. Ootme mir Mënschen déi d'Schubber an, entstinn déi typesch Symptomer fir eng Allergie: Ausschlag, Schnapp, rout Aen an am Ausnamefall kréie ma souguer keng Loft méi.

No de Pollen an dem Stëbs ass d'Kazenallergie mat am meeschte verbreet. An Däitschland verdroe ganzer 30% d'Kazen net, an den USA ploe sech 12% mat der Kazenallergie. Domat gouf et also héich Zäit fir de sougenannten "HypoCat"! "HypoCat" ass en Impfstoff, deen dat iwwelt Protein vun der Kaz miniméiert a soumat net méi souvill dovun an de Schubber enthalen ass.

An der Unisklinik hu se vill Tester mat Katze gemaach an et si gutt Resultater erauskomm, déi beweisen dass d'Katzen no der Injektioun de néidegen Antikierper opweisen. An 3 Joer soll "HypoCat" op de Marché kommen, soudass och d'Kazen net méi mussen zeréck an d'Déierenasyler an a Rou kënnen doheem bleiwen.

Lauschtert hei de ganze Reportage: