Social MediaAfloss vu Facebook a Co. op eis mental Gesondheet

Fuerscher no hunn d’sozial Medien negativ Konsequenzen op eis mental Gesondheet an och op eist Wuelbefannen.

19.08.2019, 04:00:36

© pexels

D’Ruhr-Universitéit zu Bochum huet verschidden Tester gemaach, dat a Relatioun tëscht soziale Medien an der mentaler Gesondheet.  D’Resultater hu bewisen, dass d'sozial Medien deelweis depressiv Tendenze provozéieren. De Fuerscher Phillip Ozimek huet zwou Gruppe mat Testpersounen dozou gebieden, sech entweder 5 Minutten op Facebook opzehalen oder sech explizit d’Rubrik vun de Mataarbechter mat all hiren Titele vun der Uni unzekucken.

A béide Fäll hunn d'Gruppe misste Froen iwwert hirt Selbstwäertgefill beäntweren an hu genee esou schlecht ofgeschnidden, wéi eng Grupp, déi dës Aufgab guer net gemaach huet. Et sinn also net onbedéngt réng d’sozial Netzwierker, déi eis frustréieren, mee éischter d’Vergläicher mat anere Leit. D’Fuerscherteam mengt weider, dass d’Vergläicher op Social Media eis méi schueden, wéi wann mir eis am richtege Liewe mat anere vergläichen.

Eng aner Etüd huet 800 Leit iwwert hir Facebook-Notzung, hiert Selbstwäertgefill an iwwert Optriede vun depressive Symptomer gefrot. D’Psychologe wollten esou laangfristeg Konsequenzen analyséieren. Och an dësem Fall hu si een Zesummenhang tëschent negative Gefiller an de sozialen Netzwierker festgestallt. An enger Ëmfro vun 2017 hunn 1500 britesch Jugendlecher uginn duerch sozial Medien un niddregem Selbstvertrauen an depressive Gedanken ze leiden.

Et geet ee weider dovunner aus, dass Twitter net sou schiedlech ass wéi déi aner Netzwierker, well et do méi ëm d’Meenunge selwer geet. D’Psychologen hunn deemno erausfonnt, dass d’generell Notzung vu Social Media net onbedéngt zu Depressioune féiert, mee dass negativ Gefiller provozéiert kënne ginn. Facebook a Co. kënnen och positiv Auswierkungen hunn, well ee vu Bestätegung an Austausch kéint profitéieren. Et soll ee sensibel mat de soziale Medien ëmgoen an eng kritesch Haltung dozou hunn.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Links