"Old Town Road"Een Iwweraschungshit, dee polariséiert

Dee jonke schwaarze Rapper Lil Nas X huet mat "Old Town Road" ee groussen Hit gelant. Diskutéiert gouf de Song awer vrun allem wéinst sengem Museksgenre.

16.08.2019, 04:00:27

© Noam Galai / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Am Dezember huet dee bis dohi komplett onbekannte Lil Nas X säi Song "Old Town Road" an d‘Netz gesat. Banjo-Sampelen an een einfachen Text, dee vu Päerd suedelen an alles hannert-sech-loossen handelt – méi Country geet jo wuel net. Kee Wonner also, dass "Old Town Road" direkt op Plaz 19 vun den amerikanesche Country-Charts era geklommen ass.

Dem Country-Establishment huet dat awer guer net gepasst. "Old Town Road" géing net genuch Critèren erfëllen, fir ee richtege Countrysong ze sinn. Dofir krut den Titel vum Billboard quasi Hausverbuet fir d‘Country Charts.

De Lil Nas X huet doropshin einfach eng nei Versioun vun "Old Town Road" zesumme mam Special Guest Billy Ray Cyrus eraus bruecht an et domat awer nach un d’Spëtzt vun den Charts gepackt - an dat net just an der Kategorie R’n’B an Hip-Hop, mee och an de grenziwwergräifende grousse Billboard-Charts.

View this post on Instagram

JUST THE BEGINNING!!! 🐎⚡️!!

A post shared by Lil Nas X (@lilnasx) on



Den amerikaneschen Informatik-Student Timothy Greer wollt et awer net dobäi beloossen. Hien huet eng Method entwéckelt, déi de Museksgenre vun engem  Lidd automatesch erkennt - andeems se Melodie an Text analyséiert. Dofir huet hien seng Datebank mat knapp 200.000 Musek-Segmenter aus méi méi wéi 5000 Lidder gefëllt. Resultat vu senger Analys: "Old Town Road" ass vum Text hir Country, vun der Melodie hir Rock, a béides kombinéiert ass Pop. Op der Konferenz "Speech, Music and Mind" soll dem Timothy Greer seng Analys ëffentlech presentéiert ginn. Den Debat ronderëm "Old Town Road" dierft dee Moment ofgeschloss sinn.