Parlamentaresch FroWéi vill Sue gi Ministère pro Joer fir Pabeier aus?

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen wollt wëssen, wéi wäit een an de Ministère mat der Digitaliséierung ass.

Leschten Update: 14.08.2019, 15:47:03

© Unsplash

Scho laang gëtt driwwer diskutéiert, ob Plastik wierklech méi schiedlech fir d'Ëmwelt ass, wéi Pabeier. Fir déi meescht ass de Plastik den „Übeltäter“, wat scho mat etlechen Etüden, Fakten an Zuele beluecht ginn ass. Ma kuckt ee sech d'Produktioun an d'Liewenszäit vu Pabeier un, ass och dësen éischter schlecht wéi gutt fir d'Ëmwelt. Grad an eiser Zäit sinn déi digital Méiglechkeeten déi besser Optiounen: Et geet méi einfach a virun allem méi ëmweltschounend.

Dat huet sech wuel och de Piraten-Deputéierte Marc Goergen beim Erareeche vun enger rezenter parlamentarescher Fro geduecht. Vun der Ëmweltministesch, dem Finanzminister an dem delegéierte Minister fir d'Verwaltungsreform wollt den Deputéierte wëssen, wéi vill Suen déi eenzel Ministèren zënter 2014 pro Joer fir Pobeier ausginn hunn. D'Zuele komme vun der Division des imprimés et fournitures de bureau, kuerz IFB.

2014 sinn esou am Ganze knapp 15.064.900 Blieder Pabeier gebraucht ginn, dat fir e Präis vu bal 66.200 Euro. Kuckt ee sech d'Zuele vun de Joren duerno un, sinn dës liicht erofgaangen, fir dann nees ze klammen. Esou goufen zejoert an de Ministèrë knapp 14.257.750 Blieder Pabeier fir e Präis vu 75.555 Euro gebraucht. De Ministeren no ass de Gebrauch vu Pabeier also zimlech stabil bliwwen, de Präis selwer ass awer eropgaangen.

Wéi déi zoustänneg Ministeren ënnersträichen, kann een net ëmmer novollzéien, „wéini e Blat bedréckt gëtt fir den interne Fonctionnement vun engem Ministère oder wéini et sech ëm eng Interaktioun mam Bierger handelt“. Wéi wichteg et also an all Fall ass, ob e Blat wierklech gedréckt muss ginn, geet aus dësen Zuelen net ervir. Aus der Äntwert geet awer ervir, datt den opgelëschte Pabeier-Konsum de Fonctionnement vun all eenzelem Ministère garantéiere soll.

Wat een da géif plange fir de Pabeier-Konsum anzedämmen? Hei gouf als Beispill de Fëscher-Führerschäi genannt, deen digital ausgestallt gëtt. An deem Kader geet och vum sougenannte QR-Code riets, deen ee mëttlerweil och um Certificat de résidence an zukünfteg op aneren offiziellen Dokumenter fanne wäert, esou d'Ministeren. Et plangt een eng ganz Digitaliséierung vun de staatleche Servicer an d'Regierung wier deemno elo schonn domat am gaangen.

© Screenshot chd.lu