No HëtztwellenAss de Summer 2019 eriwwer?

Kuerz virum Ufank vun der Schueberfouer froen sech d'Leit, ob et dann elo nach emol gutt gëtt oder ob et dat mam Summer fir dëst Joer war.

Leschten Update: 15.08.2019, 16:33:50

© Philippe HUGUEN / AFP

No den zwou Hëtztwellen de leschte Mount ass et méi roueg ginn ëm d'Wieder oder soe mir besser méi „kal“. An dofir froen sech der vill: „Ass et elo eriwwer mam Summer?“

Déi nächst Deeg bleiwen onbestänneg

D'Wiedertendenze kann ee jee no der Stabilitéit vun der Wiederlag ronn eng Woch viraussoen, seet de Luca Mathias vu Meteolux. An et géif de Moment esou ausgesinn, wéi wa mir bis de Weekend nach mat musse mat méi onbestännegem Wieder rechnen.

Och den Trend fir déi nächste Woch gesäit éischter nach méi kal aus mat Héchsttemperaturen ëm déi 21 Grad.

Modeller gesinn Temperaturhausse Enn August

Wat déi méi laangfristeg Viraussoen ugeet, do gesäit de Model vum Europäeschen Zentrum fir mëttelfristeg Wiederprognosen awer eng Besserung vum Wieder. Deemno kéint et dem Model no Enn August, Ufank September nach emol waarm gi mat Temperaturen iwwer der mëttelfristeger Moyenne.

Ma dëst wieren experimentell Prognosen, d.h. et ka ma et muss awer net esou kommen, betount de Luca Mathias.

Keng Tendenze wat déi leschte Joren ugeet

Et konnt ee keng Tendenz aus de leschte Joren erausfilteren. Mol war déi zweet Halschent vum August méi dréchen a waarm wéi am Duerchschnëtt, mol war se méi naass a kal. Dat selwecht gëlt och fir de September.

Ma wéi de Luca Mathias nach sot, wier et duerchaus net ausgeschloss, dass d'Temperaturen nach emol richteg kënne klammen. Dat heescht mir mussen eis op all Fall wat déi laangfristeg Viraussoen ugeet iwwerrasche loossen.