Trotz Sport a gesonder ErnärungFirwat huelen ech net of?

Beim Ofhuelen stéisst een dacks op Frustratioun, well et net esou séier geet, wéi ee sech dat wënscht. Wat sinn déi potenziell Feeler beim Ofhuelen?

19.08.2019, 11:00:22

© pexels

"Ech maachen dach alles richteg, firwat huelen ech net of?", héiert een dacks bei frustréierte Leit, déi ouni Erfolleg probéieren ofzehuelen. Wat kéinten déi méiglech Feeler sinn?

  1. Dir huelt iech ze vill vir

Och wann dir am Ufank motivéiert an ongedëlleg sidd fir ofzehuelen, huelt iech net ze vill beienee fir an iwwerschätzt är Capacitéiten net. D’Experten si sech eens: Et soll ee just 0,5 bis 1 Kilo pro Woch ofhuele fir de "Jojo-Effekt" ze evitéieren. Dës Valeur hänkt awer vum Gesamtgewiicht of, dat dir wëllt ofhuelen.

Maacht iech net geckeg wéinst den Zuelen op der Wo. Wann dir Sport maacht, baut dir natierlech och Muskelen op, déi eppes weien. Muskele sinn nämlech méi schwéier wéi Fett.

Ausserdeem ass et normal, datt wann een ufänkt Gewiicht ze verléieren, de Kierper sech no enger Zäit dru gewinnt an ee manner Kalorië verbraucht.

  1. Dir konzentréiert iech ze vill op eenzel Kierperdeeler

Ironescherweis ass et grad do am schwéierste Gewiicht ofzehuelen, wou een am séiersten zouhëlt. Dat Ganzt hänkt vun eiser genetescher Veranlagung of, esou de Micheal Smith, Chefredakter vun enger US-Gesondheetswebsite. Et soll ee sech net op seng Problemzonen, mee sech éischter op seng Fortschrëtter am Ganze konzentréieren. Wat de gesonde Lifestyle eng méi grouss Roll spillt, wat een och méi Verännerunge beim Schlofen a beim Stressofbau bemierkt.

  1. Dir sidd an der Routine gefaangen

Wann d’Ofhuelen sech wéi ee Kampf ufillt, een ëmmer erëm déi selwecht Fitness-Übungen mécht an dat selwecht ësst, kann ee kee grousse Progrès maachen. Loosst ärer Kreativitéit fräie Laf, maacht zesumme mat engem anere Sport an tauscht Rezepter ënnerteneen aus. Ofwiesslung tëschent Cardio a Kraaft ass hei ganz wichteg!

  1. Dir verbitt iech selwer äert Liiblingsiessen

Sech verschidde Liewensmëttel ze verbidden, bréngt guer näischt ausser Frustratioun. Iesst är Liiblingsséissegkeet a Moossen an haalt eng Balance. De sougenannten "Cheat Day" eemol an der Woch anzeféieren, ass och eng Léisung. Wann dir bis an de Genoss vu gesonder Ernärung komm sidd, kann et och sinn, dass iech fetteg an ongesond Iessen duerno net méi schmaacht.

Loosst iech also net vun e puer "Motivatiounskiller" d’Loscht um Ofhuele verdierwen. Jiddereen huet heiansdo e puer "Downs" an et kann ee geziilt a bewosst u senge Feeler schaffen.