Wëssenschaftler hu recherchéiert firwatWa Mënsche sech entléiwen

Net all Léift hält ee Liewe laang. Mee et gi Facteuren, di besonnesch heefeg zum Enn vun enger Bezéiung féieren, soe Wëssenschaftler.

Leschten Update: 20.08.2019, 12:33:43

© administration-adult-african

Wee rosen iwwert säi Partner ass, deem fält et extrem schwéier, dankbar ze sinn, fir dat, wat ee gemeinsam huet. Wann een de Problem net uschwätzt, an d’Roserei a sech era frësst, féiert dat dozou, dass een de Feeler just beim Partner an net bei sech selwer sicht. Fir dass Problemer net u Bedeitung gewannen, ass et wichteg, se oppen unzeschwätzen.

Ob et elo Ligen sinn, opgedeckte Geheimnisser oder friem goen– all Form vu Verrot ass eng Belaaschtung fir eng Bezéiung. D‘Vertrauen, dat een iwwer Joren ewech opgebaut huet, ass fort. Och wann ee säi Feeler zougëtt, gëtt d’Bezéiung op eng haart Prouf gestallt.

Et ass ok, net all Verhalen vun deem aneren einfach z‘acceptéieren,mat permanenter Kritik kann een awer keng positiv Verhalensännerung ervir ruffen. Konstruktiv Kritik ass erlaabt, awer Accusatiounen an destruktiv Kritik kënnen eng Bezéiung a Gefor bréngen.

Och eng ënnerschiddlech Aart a Weis, mat Geld ëmzegoen, kann zu Problemer féieren. Geld betrëfft sou vill Liewensberäicher, wéi Wunnen, Akafen, Reesen, an Zukunftspläng – dass ënnerschiddlech Vue’en zwangsleefeg zu Konflikter féieren.

Och wann ee Partner ee Kontrollfreak ass, kann dat deen aneren dozou bréngen, sech z‘entléiwen. Iwwerwaachung, Kontroll a Manipulatioun ginn engem vläicht zu engem bestëmmte Grad ee Gefill vu Sécherheet, wäert awer deen aneren dozou bréngen, ze flüchten. Grenzen an enger Bezéiung si wichteg. Dowéinst dierft et och kee Problem sinn, Saachen getrennt z‘ënnerhuelen.