Méi vum Dag hunnFréi opstoe mécht glécklech

"Morgenstund hat Gold im Mund" oder "Der frühe Vogel fängt den Wurm". Eng Etüd bestätegt des Spréchwierder elo: Leit, déi fréi opstinn, si méi glécklech!

20.08.2019, 04:31:15

© Pexels

Keen ass méi glécklech, wéi déijéineg, déi fréi opstinn.

Op d'mannst wann ee sech d’Resultater vun enger Ëmfro vun enger amerikanescher Matrazefirma ukuckt. 510 Fréi-Opstoer, also déi, déi tëscht 4 a 7 opstinn, goufe gefrot. Ma och 506 Persounen, déi eréischt tëscht 8 an 12 erwächen, hu matgemaach.

Trotz oder grad wéinst dem fréien Erwäche sinn d’Leit aus dem éischte Grupp méi produktiv, d‘Liewensqualitéit ass méi héich an si si generell méi glécklech, wéi déi déi méi spéit opstinn. Wat d’Kandidate méi fréi opstinn, wat d’Zefriddenheet weider klëmmt. Keen war méi glécklech wéi déi, déi um 4 schonn op sinn.

Mee firwat sou fréi opstoen, wann et net muss sinn? Schliisslech hunn nëmmen 61 Prozent uginn, wéinst der Aarbecht esou fréi opzestoen. Well een doduerch moies méi Zäit huet produktiv ze sinn, ouni dobäi gestresst ze sinn. Mam Hond goen, Sport maachen oder einfach esou an d’Natur trëppele goen. All déi Saachen eben, déi een hautdesdaags Quality Time nennt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

A genee dat ass dat wat dem Spéit-Opstoer feelt. Am onglécklechste waren dohier déi, déi eréischt um 11 opstinn. Nëmme 36 Prozent vun deene Persounen hu sech selwer als produktiv beschriwwen.

E Mangel u Schlof ass iwwregens net de Grond. Béid Gruppe waren zefridde mat der Dauer vum Schlof. Fréi opstoe fëllt awer net nëmmen d’Gléckshormoner op, mee och de Portmonni. D’Grupp mat de Fréi-Opstoer verdéngt bal 50 Prozent méi wéi d’Spéit-Opstoer.

Nieft dem Konto sinn et d’Gesondheet an iwwerraschenderweis och d’Sozialliewen, déi vun deem Schlofrhythmus profitéieren. Wien all Dag spéit opsteet an trotzdeem net gutt drop ass, ka sech de Wecker vu muer u jo méi fréi stellen.