Tipps & TricksOfstand zum Smartphone kréien

Mat Hëllef vu speziellen Tipps a souguer Apps kann een d'Notzung vum Smartphone reduzéieren.

21.08.2019, 07:00:19

© Pexels

Den Handy gëtt zu eiser Zäit scho laang net méi nëmme fir ze telefonéiere genotzt. Spiller, E-mailen, Fotoen, Videoen an den Internet sinn den Haaptbestanddeel vun der Funktioun vum Smartphone. Dat geet awer souguer esou wäit, dass verschidde Leit eng Sucht entwéckelen an net méi richteg vum Smartphone ewech kommen - all klenge Moment gëtt genotzt, fir e Bléck op de klenge Computer ze riskéieren.

Google oder Apple entwéckelen zum Beispill scho verschidden Tools fir déi digital Selbstkontroll. Bei Apple gëtt et zum Beispill eng Funktioun, déi engem uweis, ,wéi laang een an enger bestëmmter Zäit um Handy war a wéi eng Apps een am meeschte benotzt huet. Dëst kann engem hëllefen ze realiséieren, dass een effektiv ze vill Zäit domat verbréngt.

Et ginn och ganz speziell Spiller fir den Handy, déi d'Notzung reduzéiere soll. An der App "Forest" geet et dorëms virtuell Beem ze planzen, an dës wuesse just dann, wann eesäin Handy NET benotzt. Oder d'App "Space", déi funktionéiert nom nämmlechte Prinzip. Wärend een net aktiv ass, baue sech kleng Galaxien aus virtuelle Mounden a Planéiten op an esou kënnt een dann am Spill weider.

Eppes wat enorm nerveg ass a wat der alleguer kennt, ass wann een zu Puer gemittlech eppes drénke geet an dann hänke verschidde Leit nëmmen um Handy. Do gëtt et awer och en Trick, fir dat ze verhënneren: d'Tuermspill. Alleguer d'Smartphonë ginn openeen an d'Mëtt vum Dësch geluecht an den éischten, dee säin Handy an de Grapp hëlt, dee muss een ausginn. Also alleguer déi Persounen. déi méi knéckeg sinn, loossen d'Fangere sécher vum Smartphone.



Dat sinn alles Tipps fir de Verzicht méi einfach ze maachen. Ideal ass et awer, wann ee sech bewosst gëtt, dass een ze vill um Handy ass an dat ganz einfach reduzéiert.

Lauschtert eran