Coca Cola, Campari a Co.Wann d'Rezepter an engem Safe verstoppt ginn

De beschte Kach op der Welt misst jo bal alles hi kréien. Mengt een, well et gi Rezepter déi net mol e 6 Stäre-Restaurant hikritt.

Leschten Update: 26.08.2019, 05:37:16

© Pexels

Et gi Millioune Rezepter - kulinaresch Konschtwierker vum Jamie Oliver iwwer lecker Recettë vum Tim Mälzer - mee bei dëse 5 kann ee maache wat ee wëll - et kënnt een net drop, wat genee alles dran ass.

Rezept Nummer 1: Coca Cola

1886 huet den Apdikter John Pemberton déi eigentlech Coca-Cola erfonnt an huet se iergendwann tëschent 1888 an 1891 fir 2.500 US-Dollar un de Business-Mann Asa Griggs Candler verkaf. Dass d’Gedrénks e risegen Erfolleg gëtt, war dem Candler direkt bewosst, sou dass en eng ganz Entreprise gegrënnt huet. Hautzedaags ass d’Cola den Champions-League-Gewënner ënnert de Softdrinks. D’Rezept ass op e klengt Stéck Pabeier gekrozelt a läit an engem Safe zu Atlanta.





Rezept Nummer 2: Sriracha – Chilizooss

Déi bekanntsten a beschten Chillizooss Sriracha gouf fir d’éischt vun der Thailännerin Thanom Chakkapak hiergestallt. De vietnamesesche Flüchtling David Tran huet fréi genuch erkannt, wéi e Potenzial dohannert stécht, huet sech d’Rezept geholl an an den USA ënnert dem Markennumm Sriracha produzéiert. Ufanks huet hien d’Zooss Doheem a Fläschen ëmgefëllt, bis en d’Firma Huy Fong gegrënnt huet. D’Mataarbechter nennen d’Zooss "geheim Zooss" a behaapten et wier méi einfach an d’Pentagon anzebriechen, wéi an d’Huy-Fong-Fabrick.

Rezept Nummer 3: Big-Mac-Zooss vu McDonald’s

Bal jiddwereen huet scho mol e Big-Mac giess a kee weess, wat fir eng Zooss um Burger ass. 2017 ass am Internet e Rezept erauskomm, wat McDonald’s awer ni bestätegt huet. Sécher ass, dass 33 eenzel Saachen an der Zooss enthale sinn. Déi eenzeg Ingredienten, déi bekannt sinn: de French Dressing an eng Zooss aus ageluechte Kornischongen.

Lauschtert hei de ganze Reportage:


Rezept Nummer 4: De Campari

Wéineg Leit drénken en, well e villen ze batter ass: De Campari ass en italieneschen Aperitif, deen a ganz ville Cocktaile benotzt gëtt. 1860 gouf d’Rezept fir d’Gedrénks erfonnt an zanter deem net méi geännert. Et weess een net vill iwwer d’Zesummesetzung, mee et ass bekannt, dass se aus 20 bis 80 battere Kraider, aromatesche PlanzenFriichte besteet.

Rezept Nummer 5 : KFC-Poulet-Gewürz

De ganze Stolz vu KFC ass hiert Poulet-Gewürz. Aus 11 Gewierzer besteet et, mee kee weess genee, aus wéi engen. 2017 huet eng Zäitschrëft aus Chicago gemengt, d’Geheimnis erausfonnt ze hunn, wéi de Neveu vum Grënner Colonel Sanders et duerch Zoufall an engem Album gewisen huet. KFC huet awer bestridden, dass et sech dobäi op kee Fall ëm d’Geheimrezept handelt, sou dass ma wuel ni e Poulet no echtem KFC-Rezept doheem no maache kënnen.