KommunikatiounDoriwwer schwätze glécklech Koppelen 

Wann Timing an Theme stëmmen, da kënne Gespréicher een neie Schwong an enger Bezéiung ausléisen. Awer wéi schwätze glécklech Koppelen - a wouriwwer?

26.08.2019, 04:25:42

© Ludovic MARIN / AFP

Wichtegst Erkenntnis: iwwerflächlech bleift een an enger gudder Bezéiung kaum. Villméi ginn déif an intensiv Gespréicher geféiert.

Wéi Psychologen erausfonnt hunn, ass ee méi zefridden, wann ee seriö an éierlech mateneen ass. Zwar tausche sech och zefridde Partner iwwer d’Akeef an iwwert d’Kollegen aus, just 10% vun hire Gespréicher falen awer an d’Rubrik "Small Talk".  Bei manner gléckleche Mënschen sinn et der 3 Mol sou vill.

Dat heescht awer net, dass een dobäi ustrengend Bezéiungsgespréicher féiere soll. Et kann ee genee sou gutt iwwer Politik oder Gesellschaftstheme schwätzen, sou laang ee sech net an onkomplizéiertem Blabla verléiert.

Fir eraus ze fanne wouriwwer Koppele schwätzen, hunn d’Psychologen 4 Deeg laang Extraite vun hire Gespréicher opgeholl.

Dobäi hu sech e puer Punkten eraus kristalliséiert, déi an zefriddene Partnerschaften eng Roll spillen. An hire Gespréicher geet et deemno ëm Emotionales wéi Kandheetserënnerungen, penibel Momenter, oder Zukunftspläng. Diskutéiert gëtt awer och iwwer Aktuelles wéi Politik, wichteg Eventer, Musek, Serien a Filmer.

Och ganz bewosst Diskussiounen iwwer Saachen bei deenen een ënnerschiddlecher Meenung ass, kënnen engem de Partner méi no bréngen. Et erkläert ee sech deem aneren, verdeedegt säi Standpunkt a weist Toleranz géintiwwer dem Partner senger Astellung.

Dee gréisste Feeler dobäi ass, ze mengen, dass ee scho weess, wat deen anere soe wëllt. Eréischt wa mir erkennen an acceptéieren, wéi vill mir nach net iwwertenee wëssen, geléngt et eis, am Gespréich ze bleiwen.