"El Camino"Teaser zu neiem "Breaking Bad"-Film

Gewosst war, datt déi erfollegräich Serie "Breaking Bad" e Film kritt. Elo huet Netflix en éischten Teaser publizéiert - mat Release-Datum!

Leschten Update: 26.08.2019, 06:35:14

© Screenshot YouTube

D'Story iwwert deen zum Drogen-Chef mutéierte Chimiesproff Walter White huet weltwäit Millioune Fans begeeschtert - eigentlech kloer, datt et mat der Serie "Breaking Bad" an dem Spin-Off "Better Call Saul" nach net eriwwer war.

Netflix huet de Weekend annoncéiert, datt de Film mam Titel "El Camino - A Breaking Bad Movie" dësen Oktober erauskënnt. De Film soll d'Geschicht ronderëm d'Verbleiwe vum Jesse Pinkman, gespillt vum Aaron Paul, opgräifen.

Am kuerzen Teaser ass ze gesinn, wéi e Mann gefrot gëtt, wou sech de Pinkman ophält. Dëse war jo bei der Serien-Finall virun der Police geflücht.