PartnerschaftEis Bezéiungen änele sech dacks

Vill Mënschen starten eng nei Bezéiung mat der Erwaardung, dass alles anescht gëtt wéi a fréiere Partnerschaften. Dat ass awer net de Fall.

02.09.2019, 04:00:37

© MENAHEM KAHANA / AFP

Wëssenschaftler vun der Uni Alberta an vun der Friedrich-Schiller Uni hunn dofir d’Donnéeë vun 550 Testpersounen ausgewäert, déi am Laf vun 8 Joer vun enger an eng aner Bezéiung gewiesselt waren. Dobäi hunn d’Fuerscher sech ënner anerem dofir intresséiert, wéi zefridden d‘Versuchspersoune mat hirer Partnerschaft an hirem Sexualliewe waren, wéi oppe si mam Partener geschwat hunn, wéi oft et zu Konflikter koum a wéi sécher si sech waren, dass hir Bezéiung hale géif.



D’Aussoen hu gewisen, dass di meescht Äntwerten vun de Kandidaten sech mat engem neie Partner kaum verännert hunn. Just d‘Wäertschätzung fir de Partner hunn d’Testpersounen a spéidere Bezéiungen méi heefeg zum Ausdrock bruecht – ausserdeem hate si méi Sex. D’Zefriddenheet mam Sexualliewen huet dat awer net beaflosst.

De Fuerscher no huet de Fait, dass sech eis Bezéiungen oft änelen, positiv an negativ Säiten. Engersäits géing dat weisen, dass mir eis och an neie Bezéiunge selwer trei bleiwen an eis net fir de Partner komplett verbéie loossen. Anerersäits géing et awer och drop hindeiten, dass mir just wéineg aus de Feeler léieren, déi mir vläicht a fréiere Partnerschaften gemaach hunn.

Dass mir an der Léift eis Gewunnechten hunn, dat weist iwwregens och nach eng aner Etüd vun der Uni Toronto. Hei hunn d‘Psychologen erausfonnt, dass mir zwar gären der Perséinlechkeet vun eisem Ex d’Schold ginn, um Enn vun enger Bezéiung. Trotzdeem tendéiere mir dozou, eis ëmmer nees an een ähnlechen Typ Mënsch ze verléiwen.