Laangschléifer & KuerzschléiferE Gen fir manner Schlof

Déi eng brauche vill Schlof an anerer net. Dat huet awer enger Etüd no eppes mat de Genen ze dinn.

03.09.2019, 04:00:30

© Pexels

Jiddereen hat et scho mol, dass en an der Nuecht erwächt ass an ouni op d'Auer ze kucken hofft een, nach laang kënnen ze schlofen. De Bléck op de Wecker hëlt een dann awer an d'Realitéit zeréck, wann ee realiséiert, dass dësen a mol net 15 Minutte rabbelt. Mënschen, déi net vill Schlof brauchen, stinn dann einfach op a si fit. Anerer reege sech op, sinn doud midd an hu schonn d'Flemm, ier den Dag lass geet.

Genee dësen Ënnerscheed, wat de Besoin u Schlof ugeet, ass enger internationale besate Fuerscherequipe no genetesch bedéngt. D'Fuerscher hunn d'Gene vun enger Famill ënnersicht. Dobäi hu si eng onbekannte Mutatioun entdeckt. Déi Mënschen, déi dës Genmutatioun a sech hunn, fille sech der Etüd no no 4 bis 6 Stonne Schlof 100% fit.

Persounen, déi d'Mutatioun net hunn, brauchen am Duerchschnëtt 8 Stonne Schlof. D'Gen selwer enthält nämlech d'Bauuleedung fir Rezeptoren, déi wärend dem Schlof an am waakregen Zoustand aktiv sinn. Wann dëst Gen awer mutéiert ass, sinn d'Neurone mat de Rezeptore vill méi sensibel. Wann déi also aktivéiert ginn, ass een direkt vill méi wakereg.

Wann der iech also zu deenen zielt, deene 4 bis 6 Stonne Schlof net duer ginn, da kënnt der vun elo u berouegt 8 Stonnen an der Nuecht schlofen an och mol mëttes eng gutt Sieste halen. Kommentare wéi: "Du bass eng Schlofpëll!" kann een an Zukunft ignoréieren, well schliisslech ass dat Ganzt genetesch bedéngt.

Lauschtert eran