"Post-Vacation Blues"Wann déi gutt Laun no der Vakanz verschwënnt

Knapps ass de Summer, d'Vakanz oder de Congé eriwwer, kënnt de ganze Stress méi séier zeréck wéi ee mengt.

03.09.2019, 04:00:35

© Unsplash

Dat bilt ee sech net just an, et gëtt souguer e Begrëff fir dëse Gemittszoustand. Ënnert dem sougenannten „Post-Vacation Blues“ bekannt, beschreift dëst d'Laun vun enger Persoun, déi aus der Vakanz nees Heem kënnt - Back to reality kéint d'Enn vum Summer deemno net besser resuméieren. Ma et ginn eng Partie Saachen, déi hëllefe kënnen, datt ee besser domat eens gëtt.

"Puffer" tëscht Enn vu Vakanz an éischte Schaffdag

Och wann ee knapp u Congésdeeg ass: Onbedéngt tëscht dem Enn vun der Vakanz an dem éischte Schaffdag eng kleng Paus aplangen. Esou kënnt dir a Rou auspaken, iech op déi kommend Deeg fokusséieren an iech akklimatiséieren. Keen kënnt gären owes aus der Vakanz a geet direkt den Dag drop nees schaffen. Mir denke just net ëmmer direkt drun, e puer Deeg extra Paus anzeplangen.

Souvenir fir iech selwer matbréngen

Éischter Oldschool, ma et kann awer hëllefen: E klenge Souvenir aus der Vakanz matbréngen. Net onbedéngt fir Är Léifsten, mee fir iech selwer. Et muss net deen typesche Magnéit fir op de Frigo oder en T-Shirt aus dem Hard Rock Café sinn – e klenge Schlësselunhänger, deen een all Dag bei sech dréit. Oder Wäiglieser, déi ee beim Pättche mat de Kollegen ëmmer nees un d'Vakanz erënneren.

Iesse léisst Erënnerungen nees opliewen

An domat komme mer eriwwer bei den nächste Punkt: Iessen a Gedrénks aus der Vakanz matbréngen - wéi kéint een de Vakanzen-Feeling besser um Liewen halen?! Eis Sënner verbanne Gerécher a Goûte mat spezifeschen Erënnerungen, deemno kënnt dir iech vun enger Sekonn op déi aner nees op d'Plage beamen. Passt hei just op den Oflafdatum vum jeeweilegen Iessen a Gedrénks op.

Sech op déi nächsten Auszäit freeën

Dat beschte Mëttel géint de Vakanzen-Blues bleift awer nach ëmmer déi nächste Vakanz plangen! Et huet een eppes, op dat ee sech freet an déi kal Méint si besser ze erdroen. Et muss net ëmmer eng Woch sinn, e klenge City-Trip iwwert de Weekend oder en Ausfluch an d'Nopeschlänner kann och scho Wonner wierken. Haaptsaach zur Rou kommen an den Alldagsstress hannert sech loossen.

Lauschtert eran!