Dës Mesuren hëllefenWat mir géint d'Bëschbränn a Brasilien maache kënnen

D’Bëschbränn a Brasilien si wäit ewech vun eis. Laangfristeg gëtt et awer duerchaus e puer Saachen, déi mir hei zu Lëtzebuerg dogéint ënnerhuele kënnen.

Leschten Update: 03.09.2019, 15:14:41

© Joao Laet / AFP

D‘Bëschbränn a Brasilien weisen eigentlech just, wou virdru schonn de Bësch ofgeholzt gouf. Gréisstendeels steet nämlech net dee fiichte Reebësch a Flamen, mee verdréchent kleng hëlzen Iwwerreschter. D’Holz vun deene grousse Beem gëtt dogéint direkt oftransportéiert a vermaart, ënner anerem fir Pabeier oder hëlze Miwwelen ze produzéieren.

Ëmweltorganisatiounen no verbraucht all Mënsch an Europa an der Moyenne 200 Kilo Pabeier d’Joer. Wann ee Pabeier keeft, soll ee sech dowéinst fir Eko-Pabeier entscheeden. Och Recycling-Toilettëpabeier ass sënnvoll. Bei den hëlze Miwwele soll een drop oppassen, dass d’Holz aus nohalteger Produktioun kënnt.

© Tobias SCHWARZ / AFP

Di ofgebrannte Flächen am Amazonasgebitt gi fir d’Landwirtschaft genotzt. Brasilien ass dee gréissten Exportateur fir Rëndsfleesch weltwäit. Dee gréissten Deel vum Fleesch geet an Asien. Awer och d’Importer an d’EU ginn an d’Luucht. Konsumente sollen de Fleeschkonsum dowéinst limitéieren.

Och di europäesch Fleeschindustrie ass mat responsabel fir d’Zerstéierung vum Reebësch. Well an eise Betriber gëtt Soja verfiddert, deen zum groussen Deel aus Brasilien kënnt. Konsumenten, déi wëllen, dass de Reebësch erhale gëtt, sollen dowéinst bei europäeschem Fleesch op Bioproduite setzen.

Da soll een och säi Smartphone sou laang wéi méiglech benotzen an net all Kéier en neie Modell kafen. Fir d‘Produktioun ginn nämlech seele Metaller gebraucht, vun deene Brasilien grouss Reserven huet. D‘Land hat ugekënnegt, et géing ee Milliounen an den Ofbau vun dësem Material investéieren. Mee dofir musse Minne gebaut ginn, fir déi de Bësch muss Plaz maachen.

© Yasuyoshi CHIBA / AFP

Brasilien ass wäit ewech, Hëllef fir de Reebësch ass awer och vun hei aus méiglech.