LéiftBlécker vum Partner reduzéiere Péng

E Fuerscher-Team wëll erausfonnt hunn, dass d'Péng sech bei engem Mënsch reduzéiert, soubal de Partner am nämmlechte Raum ass.

Leschten Update: 03.09.2019, 14:37:35

© Pexels

Ideal ass et wann ee säi Partner richteg gär huet an och alles fir dee mécht. Beim Bestietnis fält zum Beispill de Saz: "A gudde wéi a schlechten Zäiten." A genau do schéngt eppes drun ze sinn.

Lauschtert eran


Fuerscher vun der Privatuniversitéit fir Gesondheetswëssenschaften UMIT zu Hall an Tirol huet nämlech an engem Versuch erausfonnt, dass ee Péng méi einfach aushält, wann ee Bléck-Kontakt mat sengem Partner huet. Fir dëst Experiment sinn 48 Testpersounen, déi am Duerchschnëtt 3 Joer zesumme waren, ausgewielt ginn. De Kandidate gouf all Sekonn e Gewiicht ëm een Dekagramm méi fest op den Zeigefanger gedréckt. D'Testpersoune missten uginn, wéini se Péng empfannen a wéini dëst net méi auszehalen ass. Ausserdeem hu si missten op enger Skala uginn, wéi schlëmm de Wéi ass.

Dëst ass eng Kéier gemaach gi wéi d'Testpersoun mam Chef vum Fuerscher_Team eleng am Raum waren an eng Kéier mat der Präsenz vum Partner. Dobäi ass eraus komm, dass d'Leit eng vill méi héich Toleranz hate wat d'Péng ugeet, wann de Partner am selwechte Raum war. Eleng d'Präsenz an d'Méiglechkeet op Bléck-Kontakt ass hei duer gaangen. D'Fuerscher hunn nom Versuch och d'Partner vun den Testpersounen ënnert d'Lupp geholl. Fir genau ze sinn hunn déi missten e Standard-Test fir Empathie maachen. D'Resultat hei: Leit, déi vill Empathie besëtzen, provozéiere bei hirem Partner eng méi héich Toleranz zu Péng.



Wann der also deemnächst musst an d'Bluttanalys oder bei den Zänndokter, dann huelt mol d'Frëndin oder de Frënd mat, well dann ass alles nëmmen hallef sou schlëmm.