Menacéiert InsektenSou kënne mir de Beien hëllefen

D'Beie sinn an Nout a mir Mënsche kënnen de klengen Déiercher hëllefen, domat hire Liewensraum erhale bleift.

04.09.2019, 04:00:59

© Unsplash

Wat vill Leit net wëssen: D'Beie si wichteg fir eis. Wa keng Beie méi do sinn, gi keng Planze bestëbst an esou verschwënnt all dat Gréngt ronderëm eis, wat weider negativ Suitten op eis Mënschen an d'Natur huet. Wat kann een also maachen, fir dem Beiestierwen entgéint ze wierken?

Lauschtert eran!

1. Planz esou vill Grénges wéi méiglech

Net iwwerall fannen d'Beien zu all Moment déi Planzen, déi genuch Nektar iwwreg hunn. Zemools a Stied feelt et dacks u Gréngem, deemno verwandelt äre Balcon, är Terrass oder äre Gaart an e Planzen- a Kraider-Paradäis! Sonneblummen, Lavendel, Peffermënz, Péiterséileg oder speziell Mëschungen, déi spezifesch fir Beie geduecht sinn. Am Géigenzuch hëllefe si eis, d'Planzen um Liewen ze halen.

2. Lee der en Insektenhotel zou

Hunnegbeie fannen zesumme mat hirem Vollek a Beiestäck Schutz, Wëllbeie sinn Eenzelgänger a brauchen aner Mëttelen, sech während de kale Wanterméint ze schützen. Mir selwer kënnen en Insektenhotel, an deem heite Fall e Beienhotel oder eng Beientankstell ariichten. Dës ginn et ze kafen oder et kann ee se selwer bauen. Eng aner Méiglechkeet ass et Planzestill un d'Gelänner ze bannen. Beie fannen am Still hir Rou a kënnen hei iwwerwanteren.

3. Op Alternativen zu Hunneg zeréckgräifen

Aplaz Hunneg vun de Beien, kann een op aner Optiounen zeréckgräifen: Ahornsirop, Gebeess oder dee sougenannten „Agavendicksaft“ si genee esou lecker a ginn dem Iessen e séisslechen Aroma. Wien awer net op Hunneg verzichte kann, sollt beschtefalls lokal respektiv regional akafen. Esou ginn dann och déi kleng Betriber, Bio-Imker oder Privatleit ënnerstëtzt.

4. Verzicht op Pestiziden

Op Beie-schiedleche Planzeschutzmëttel, also Pestizide verzichten. Besonnesch e Mix aus verschiddene Mëttele kann déidlech fir d'Déiercher sinn, ma och Seejomesgëft ass alles anescht wéi ongeféierlech. Besser ass et sech fir déi natierlech Optiounen ze decidéieren an de d'Liewe vun de Beien esou ze verlängeren.