Ze vill Wull, ze mann Plaz?Ausmëschten - awer richteg!

Eng Kéier esou richteg doheem ausmëschten. Dat hëlt ee sech ëmmer nees vir. Vu ville Géigestänn kann ee sech dann awer net trennen...

04.09.2019, 04:00:25

© Unsplash

Um Schreifdësch léisst et sech net méi schaffen, d’Regaler an Tiräng si genau sou vollgepaakt an och de Keller ass um Iwwerlafen. Déi eenzeg Méiglechkeet nees Struktur an Iwwersiicht ze schafen, ass auszemëschten an alles dat lass ze ginn, wat een net méi brauch.

Mee wat brauch een a wat brauch een net? A wat ass wierklech wichteg? Sécherlech net de Walkman, deen ee viru 15 Joer fir d’Lescht benotzt huet.  Dora läit de Problem, mir kënnen eis schlecht vu Saachen trennen. Et kéint een et jo iergendwann an Zukunft mol eng Kéier nees brauchen.

NEE! Dir wäert et net méi gebrauchen, iech just all Kéiers erëm opreegen, dass dir keng Plaz doheem hutt.

Wat och ofschreckt, ass dass esou eng grouss Ausmëscht-Aktioun ustrengend an zäitopwänneg ass. Setzt iech dofir kléng a realistesch Zieler. Schaf fir Schaf,  Tirang fir Tirang.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Am beschten ass et och, wann dir mat Saachen ufänkt, déi keen emotionale Wäert hunn. Esou gitt der de Groussdeel ouni Problem lass a kënnt iech um Enn mat de schwéieren Entscheedungen ausenee setzen.

Generell sollt ee Saachen ewechgeheien, respektiv ewechginn, wann se iwwert ee Joer net am Gebrauch waren. Ausser natierlech d’Hochzäitskleed oder déi éischte Bebé-Schong.

Mat 4 verschiddene Këschte schafft et sech iwwregens am beschten. „Halen“, „ewechgeheien“, „spenden“ an dann nach eng fir déi Saachen, bei deenen ee sech net sécher ass.

Fir dass et nom Ausmëschten och esou iwwersiichtlech bleift, kann ee sech zum Beispill virhuelen, fir all neien Objet am Haushalt, een aneren auszesortéieren.