Nogefrot!Ee Punkt fir Falschparker, jo oder nee?

Gi Geldstrofe beim Falschparken net méi duer?

Leschten Update: 05.09.2019, 12:04:41

© Pexels

Et gesäit een et all Dag: Falschparker. Autoen, déi d'Strécher vu Parkplaz-Markéierungen ignoréieren, Autoen déi Afaarten an Noutausgäng zoustellen oder Gefierer déi den Trëttoir einfach mol zur Parkplaz ëmfunktionéieren. 

An Däitschland wëllen se dëser Problematik een Enn setzen. Eng Petitioun fuerdert, dass Falschparker net nëmme méi mat enger Geldstrof, mee mat Punkten zu Flensburg bestrooft ginn. Géif een dëst dem Lëtzebuerger Punktesystem upassen, géif ee wahrscheinlech 2 vun sengen 12 Méigleche Punkte fir falscht Parke verléieren. 

Mir hunn nogefrot, wat d'Eldoland vun dëser Petitioun aus Däitschland hält.

Lauschtert iech hei d'Äntwerten un