Nogefrot!#winteriscoming - op wat freet dir iech am meeschten?

Leider gëtt et dëse Wanter keng GoT Staffel, mee trotzdeem kann och dës Joreszäit supper schéi sinn!

Leschten Update: 18.09.2019, 12:12:51

© Pexels

Nom Summer ass virum Wanter. D'Blieder vun de Beem sinn am Hierscht all scho gefall an alles schéngt méi düster.

Mee wei all Joreszäit hunn och déi méi kal Méint, Momenter ze bidden op déi mir eis besonnesch freeën. Sief et d'Silvesterparty an dat berühmt berüchtegt Freedefeier oder awer d' Schlittschongfueren zu Beefort. Mee och d'Kuschelen ënnert der Decken mam Mupp oder mam Partner virun der Televisioun huet bestëmmt méi wei engem gefeelt.

Mir hunn iech dobausse gefrot, ob wat dir iech am meeschten freet. Lauschtert eran an loosst iech vun der Virfreed op déi ustoend Méint ustiechen.

Lauschtert iech hei d'Äntwerten un