Géint onnëtze Kaméidi Paräis test „Kaméidisradaren“ am Verkéier

Mam Auto bei der rouder Luucht „posen“ dierft an Zukunft net nëmmen zu Paräis deier ginn. De Kaméidi kéint do gläich gemooss ginn.

Leschten Update: 03.09.2019, 17:03:55

© Pixabay

Wann dir bei enger rouder Luucht wunnt oder an enger Strooss an där vill Trafic ass, da kennt dir dat bestëmmt: Autoe mat engem Auspuff esou déck wéi en Offlossrouer, déi all 2 Sekonne Gas ginn, während bei iech d'Mauere vibréieren. Ma op d'mannst zu Paräis kéinten déi, déi et owes léiwer roueg hunn an Zukunft opootmen. An dofir si speziell Radare responsabel. D'Vitesse moossen déi awer net.

Kontrollen och zu Lëtzebuerg

Den Aarbechtsgrupp vun der WHO fir d'Europa-Regioun recommandéiert den duerchschnëttleche Kaméidi am Stroosseverkéier op ënner 53 Dezibel (dB) iwwer de ganzen Dag ze kréien. Während der Nuecht sollen et der net méi wéi 45 sinn.

Zu Lëtzebuerg gouf an deem Sënn am Aktiounsplang géint de Kaméidi fir de Stroosseverkéier eng Rëtsch Mesure festgehalen, villes geschitt do iwwer Sensibilisatioun, Ofschiermung, Gestioun an Technik, déi repressiv Mesuren huelen nëmmen e klengen Deel an. Dës sinn d'Kontrollen duerch d'Police an eben déi fix Radaren, déi mir zanter enger Zäit uechter d'Land stoen hunn. Ma och wa mir doduerch méi lues solle fueren, kann een trotzdeem nach ëmmer gutt Kaméidi mam Auto maachen.

Radare mat 4 Mikroen an enger Kamera

Anescht ass et wuel an Zukunft zu Paräis, do goufen nämlech an enger Testphas op 40 Plaze sougenannte Kaméidisblëtzer oder Kaméidisradaren installéiert. 4 Mikroen an dëse Radaren huelen dann de Kaméidi vun den Autoen op a moosse, wéi haart den Auto ass. An natierlech muss eng Kamera den Auto, deen de Kaméidi mécht lokaliséieren an dann och fotograféieren.

Ma wéi gesot et ass eng Testphas, donieft goufen och nach guer keng Grenzwäerter definéiert bei deenen ee misst mat Strofe rechnen. An natierlech musse fir verschidde Gefierer Ausnamen definéiert ginn, z.B. fir Trakteren oder Camionen.

Och Genf schafft un engem Radar géint Kaméidi

Och zu Genf gëtt un esou Radare geschafft, d'Problematik ass awer hei déi selwecht wéi och zu Paräis. A béide Stied soll awer relativ zäitno déi entspriechend juristesch Grondlag geschaaft ginn, fir d'Kaméidisradare kënnen ze installéieren an dann och deenen hier Miessunge kënnen ze notzen. Zwar mussen d'Awunner dann zwar weider mam Kaméidi vum normale Verkéier eens ginn, mat opgemotze Motorrieder an Autoen a mat Pneuen, déi duerchdréien, dierft et awer da fäerdeg sinn.