Féx erkläertWéi vill Schlof brauch de Mënsch?

Déi eng schlofe méi, déi aner manner. Ma wéi vill Schlof pro Dag sinn eigentlech ideal.

11.09.2019, 04:00:36

© Pexels

Als Kand wiert ee sech owes fir net an d'Bett ze goen oder op d'Mëttesrascht ze goen. Méi spéit gesäit et dann esou aus, dass een all Moment ausnotzt fir eng gutt Sieste ze halen.

Schlof ass wichteg a gesond fir Kierper a Geescht. Ma ze wéineg oder ze vill Schlof ass awer net gutt. Leider kann een elo awer net soe wat déi ideal Schlofdauer fir de Mënsch ass. Ganz global kann ee behaapten dass déi meescht Leit tëscht 7 an 8 Stonnen den Dag Schlof brauchen. Et ginn der awer och déi mat 5 Stonnen ausgeschlof sinn, an och déi déi 9 Stonnen oder méi brauche fir sech fit ze fillen.

Wéi vill Schlof de Mënsch brauch, kann een also net fir jidderee beäntwerten, well et vu Mënsch zu Mënsch verschidden ass.

Et ginn awer Methode fir seng ideal Schlofdauer ze ermëttelen. An zwar musst der fir iech eraus fannen no wéi vill Stonne Schlof der den Dag drop am grousse ganze gutt drop a net midd sidd. Wann der net genuch geschlof hutt, fillt der iech den Dag drop méi oder wéineger esou wéi wann der ze vill geschlof hätt.

Ob dir déi ideal Schlofdauer erreecht hutt oder net, erkennt der un ärem Wuelbefannen den Dag duerno. Middegkeet, Koordinatiounsschwieregkeeten a liicht Reizbarkeet deiten dorop hin, dass der déi eng oder aner Stonn ze wéineg geschlof hutt.

Versicht dorop opzepassen am Duerchschnëtt op kee Fall manner wéi 5 Stonne pro Nuecht ze schlofen. Well Schlofmangel kann ënnert anerem zu Iwwergewiicht féieren, wat doru läit dass duerch dee Mangel Hormoner ausgeschott ginn, déi d'Hongersgefill ëm 25% steigeren.

Wann dir iech heiansdo moies an am Laf vum Dag frot, wisou der eigentlech sou gutt gelaunt sidd, da läit dat zimlech sécher dorunner, dass dir genuch a gutt geschlof hutt. Verhaalt iech wéi vill Stonnen dir geschlof hutt, an um wéi vill Auer der schlofe gaange sidd. Widderhuelt dat an dir wäert gesinn, dass dir den Dag drop erëm déi gutt Laun verspiere wäert.

Lauschtert eran