WHO huet recherchéiert firwatMänner stierwe bal 5 Joer méi fréi wéi Fraen

Frae liewe méi laang wéi Männer - a räichen Industrielänner genee esou wéi an Entwécklungslänner. Firwat dat esou ass, huet d'WHO recherchéiert.

Leschten Update: 04.09.2019, 14:36:52

© pexels

Wéi geet et de 7 Milliarden Mënschen op der Welt? Op des Fro ze äntweren, dat probéiert all Joer d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO. D’Äntwert dorops dëst Joer: Et geet hinne besser wéi nach virun 20 Joer.  Op mannst, wann een d’Liewenserwaardung.

Sou louch di duerchschnëttlech Liewenserwaardung vun engem Mënsch deen am Joer 2000 gebuer gouf, nach bei 66 Joer. Ee Mënsch deen haut gebuer gëtt, kënnt ëmmerhin op 72 Joer, Fraen kommen, souguer op 74 Joer – a ginn domat bal 5 Joer méi al wéi d’Männer. Verschidde vun dësen Ënnerscheeder loosse sech duerch d’Biologie erklären, schreift d’WHO. Fraen hunn deemno ee besseren Immunsystem wéi d‘Männer.

Och d’Roll déi Fraen a Männer an der Gesellschaft anhuelen, beaflosst, wéi laang si liewen.  Der WHO no schaffen Männer vill méi heefeg am Transportsecteur an hunn deemno ee méi grousse Risk, bei engem Verkéiersaccident ze stierwen. Doriwwer eraus passe Fraen heefeg besser op sech an hir Gesondheet op wéi Männer. Si gi méi oft bei den Dokter, drénken manner Alkohol a fëmme manner.

Männer kommen och méi heefeg duerch onnatierlech Doudesursaachen em d’Liewen. De Suicide-Taux ass bei Männer 75% méi héich wéi bei Fraen. Männer ginn och méi oft ëmbruecht wéi Fraen All dat féiert dozou, dass et vun enger bestëmmter Altersgrenz un méi Fraen wéi Männer gëtt- obwuel als éischt méi Jongen wéi Meedercher gebuer ginn. Well Männer an der Moyenne méi fréi stierwen, sinn Fraen vun 60 Joer un an der Iwwerzuel.