RegimeOfhuelmythen a wéi ee richteg ofhëlt

Vill Leit probéiere scho säit laangem ofzehuelen an dat ouni Resultat. Well se oft ganz einfach falsch informéiert ginn a soumat onnëtz Methoden uwenden.

Leschten Update: 05.09.2019, 12:31:56

© Pexels

Wann een op Regime ass, dann dierf een owes keng Kuelenhydrater iessen an et trainéiert een am beschten op de reie Mo fir Fett ze verbrennen. Dat sinn déi Rotschléi, déi Leit oft gesot kréien, wann se ofhuele wëllen - dobäi sinn déi totale Kabes.

Ugefange mat de Kuelenhydrater. Dem Kierper ass et egal ob der am Dag oder owes är Moolzecht zou iech huelt. Wichteg beim Ofhuelen ass eng negativ Energiebilanz. D.h ganz einfach, dass der manner Kalorien zou iech sollt huele wéi der verbrennt. Wann der z.b am Dag +- 2'500 Kalorie verbrennt an der awer nëmmen 2000 zou iech huelt, da sidd der an engem Kaloriendefizit vu 500. Maacht der dat iwwert eng méi laang Zäit, dann huelt der of. Sou einfach ass et an dat onofhängeg dovun, wat a wéini der iesst.

Op de reie Mo ze trainéiere fir éischter Fett ze verbrennen? Erkläre kann een et esou: 1 Kilo Kieperfett huet ronn 7'000 Kalorien. Wann een also am Dag e Kaloriendefizit vu 500 huet, da muss een dat 14 Deeg maache fir 7'000 Kalorië spréch 1 Kilo Fett ze verbrennen. Et ass also egal ob der op de réie Mo trainéiert oder net, well um Enn vum Dag ëmmer d'Kalorien ausschlaggebend sinn.

E weidere Mythos ass, dass ee geziilt an engem Beräich Fett verbrenne kann. Dacks gëtt gesot, dass Sit-Ups hëllefe fir Fett um Bauch ze verbrennen. Och dat ass Quatsch. Et kann een net geziilt op enger Plaz Fett verbrennen. Einfach gesot ass et esou, dass de Kierper op de Problemzonen ëmmer als lescht Fett verbrennt, soss wier et jo keng Problemzon.

Wann der mengt dier hätt e puer Kiloen ze vill, da kommt der mat dësen Tipps sécher un äert Ziel.

Lauschtert eran