Fokus op ContenuOch Facebook denkt driwwer no, Likes ofzeschafen

No Instagram wëll och d'Mammegesellschaft eng Testversioun lancéieren, an där d'Likes komplett verschwannen.

Leschten Update: 04.09.2019, 16:15:28

© Unsplash

De faméise Like-Button war sécherlech ufanks gutt gemengt. Ugefaange mat engem Daum, deen an d'Luucht weist, konnt een esou ausdrécken, wat engem gefält. Op Instagram gouf den Daum mam Häerz ersat, op Facebook konnt ee spéider souguer ganz Emotiounen duerch e "gefält mir" ausdrécken.

Lauschtert eran!

Ma genee dat kéint geschwënn der Vergaangenheet ugehéieren. E Porte-Parole vum sozialen Netzwierk huet confirméiert, datt een de Moment driwwer nodenkt, d'Unzuel u Likes net méi ëffentlech unzeweisen. Et soll souguer schonn eng Testversioun entwéckelt gi sinn, an där Likes net méi ze fanne sinn. Wisou dat Ganzt? Well jiddereen et kennt: Mir posten eng Foto, dat kann e Selfie, eng Foto mat Kollegen oder déi perfekte Momentopnam aus der Vakanz sinn. Et wëll een d'Leit dorun deelhuele loossen.

Bei engem Selfie erhofft ee sech, vill Likes ze kréien. Et pusht eis Selbstbewossten a mir fillen eis besser. Onbedéngt negativ ass dat net, ma Facebook gesäit do awer och den Hoken. Der Entreprise no gesinn d'Notzer en einfache Like mëttlerweil als Statussymbol. Mat all Post (net just Fotoen, och aner Beiträg) wiisst den Drock, méi Likes ze kréien an dat kéint am schlëmmste Fall süchteg maachen. Instagram experimentéiert schonn domat a mir haten iech dobausse gefrot, wat dir vun der Iddi, sozial Plattforme ganz ouni Likes, haalt:

Hei är Äntwerten!

D'Leit, déi mir gefrot hunn, gesi kee Problem, d'Likes ofzeschafen. Och Facebook no soll et méi ëm de Contenu, an net ëm d'Unzuel u Likes goen. Mir kënnen also gespaant sinn, wann et wierklech bis esou wäit ass a wéi dëst eisen Ëmgang mat esou Plattformen ännere kéint.