Stress duerch d'LéiftOch an enger Bezéiung kann een e Burnout hunn

Et gi vill Mënschen, déi an enger Partnerschaft sinn, déi hinnen net gutt deet.

05.09.2019, 06:00:06

© Pexels

Wat versteet een am Liewen ënnert engem "Burnout"? Normalerweis verbënnt een domat direkt de Phänomen, dass de Kierper de Stress, z.b op der Schaff net méi mat mécht. Iwwerfuerdert fällt een an e Lach aus deem ee net eraus kënnt, wann ee sech net eng Auszäit vu senger Aarbecht gënnt.

Ma genau dee Phänomen gëtt et och tëscht 2 Mënschen an enger Bezéiung. Vill Mënsche si mat enger Persoun zesummen, déi hinnen net gutt deet an all Mënsch gesäit et - just dee concernéierten net. Do trefft dann de Saz "Léift mécht blann" zou. Ob dir ënnert deem Burnout leit, weist de Kierper iech ganz kloer.

Wann ee sech permanent midd fillt, vill schléift an all Geleeënheet notzt, fir ze schlofen, da kann dat scho mol een Unzeechen dofir sinn, dass een Distanz zum Partner wëll hunn. Eleng dat geet awer net duer. Dachs sinn déi Leit zousätzlech gestresst, si liicht op d'Palm ze bréngen a bei de Frae kann och mol d'Reegel aussetzen.

E weidert Unzeechen ass, dass een zouhëlt. D'Stresshormon Cortisol erhéicht den Appetit an et kritt ee Loscht op ongesond a fettegt Iessen. Dobäi kënnt nach, dass et de Stoffwiessel bremst, wat d'Bäihuelen begënschtegt. Zu gudder Lescht huet ee keng Loscht méi op Sex. Och hei spillt d'Stresshormon eng Roll, et bremst d'Libido an domat huet ee kee Verlaangen op déi schéi Stonne mam Partner.

Wann der bei iech all eenzelt Symptom erëm erkannt hutt, dann ass dat nach kee Grond ze panikéieren. Schwätzt emol mat ärem Léifsten a probéiert dat Ganzt ze klären. Well wéi gëtt ëmmer gesot, "Kommunikatioun ass de Schlëssel fir eng glécklech Bezéiung!"

Lauschtert eran