Féx erkläertFirwat schnaarche mir eigentlech?

Grënn fir d'Schnaarche ginn et der vill. Ma et ass net nëmmen nerveg ma kann a verschiddene Fäll och nach richteg schiedlech sinn.

Leschten Update: 04.09.2019, 16:59:04

© Pixabay

Hutt dir e Partner dee schnaarcht? Da kennt dir bestëmmt esou Nuechten, wou dir bal verréckt gitt, well deen nieft iech gutt schléift, während dir mengt et géif grad een e Bam ëmseeën. Natierlech schnaarcht keen express, ma deem Partner, dee wakereg do läit hëlleft dat net. Elo ginn et eng ganz Rëtsch Méiglechkeete, wéi ee sech selwer kann hëllefen oder wéi ee ka gehollef kréien. Dofir muss een awer fir d'éischt wëssen, wat schnaarchen eigentlech ass a wouduerch dat kënnt.

Schnaarchen dacks vum Liewenswandel ofhängeg

Duerch wat genee d'Schnaarchen ausgeléist gëtt, dat kann sech staark ënnerscheeden. Bei deenen engen ass et esou, dass sech de Gumm zesumme mam Zäppchen a Richtung Zong beweegt a wann d'Loft ageotemt gëtt, da flatteren déi. Bei deenen aneren ass et d'Zong, déi zeréckfält an dann d'Otemweeër verspäert a bei nach anere sinn et béid Phänomener zesummen.

Dës kënnen eng ganz Rëtsch komplett ënnerschiddlech Ursaachen hunn, dacks hänken se awer mam Liewensstil zesummen a kënne mat engem gesonde Liewenswandel meeschtens verhënnert ginn. Esou kann z.B. Iwwergewiicht d'Schnaarche begënschtegen, dat selwecht gëllt fir Medikamenter, Nikotin an Alkohol.

Bis zu 80 Dezibel – wéi e Camion dee laanscht fiert

Natierlech ass och eng verstoppten Nues e Grond fir d'Schnaarchen, dës kann duerch Erkältungen, Allergien oder och duerch anatomesch Verengunge kommen. Och soss anatomesch Grënn, wéi vergréissert Mandelen oder eng méi grouss Zong begënschtege gären emol d'Ronken.

Och wann d'Schnaarche selwer an deene meeschte Fäll onbedenklech ass, geet et deene meeschten trotzdeem op den Nerv, virun allem wann ee bedenkt, dass esou e richteg haart Schnaarche bis zu 80 Dezibel erreeche kann.

Mat Otem-Aussetzer sollt een net spaassen

Kritesch gëtt et, wann een nieft dem Schnaarchen och nach méi dacks Aussetzer beim Ootmen huet, da kéint et sech nämlech ëm eng Schlofapnoe handelen an déi kann duerch de Sauerstoffmangel, deen doduerch entsteet de Risiko fir Häerzkreeslafkrankheeten erhéijen. Dee Moment sollt een natierlech bei den Dokter goen, ma wann ee wierklech wëllt méi roueg schlofen da sollt een dat souwisou. Et ginn nämlech ganz vill Therapien, Hëllefsmëttel an Tricken, ma dofir muss fir d'éischt eng Diagnos hir.

Ma wéi gesot et mécht duerchaus Sënn, well Etüde gewisen hunn, dass net nëmmen de Partner mä och de Schnaarchert selwer duerch d'Schnaarchen den aneren Dag manner ausgerout sinn.