Pretending I'm a SupermanThe Tony Hawk Video Game Story

Opgepasst: Nostalgie-Gefor - D'Tony Hawk Franchise feiert 20. Gebuertsdag!

Leschten Update: 05.09.2019, 15:33:52

© Pexels

Nëmme wéineg Leit wëssen, dass dee mam biergerlechen Numm Anthony Frank Hawk schonn am Alter vu 14 Joer am Skateboard Profiteam Bones Brigade opgeholl ginn ass a säi Liewen duerch grouss Erfolleger gutt finanzéiert krut.

Ufank de 90er Jore war Skateboarden net méi esou beléift. Zu New-York gouf et op deene meeschte Platze souguer verbueden. Mëtt vum nämmlechte Joerzengt huet d'Skateboarden en neien Opschwong erlieft.

Bei den X-Games 1999 ass den Anthony Frank Hawk een aussergewéinlech Trick mam Numm "900" gesprongen. Direkt gouf hie vun der Spill-Publisher-Firma Activision engagéiert, fir bei engem neie Spill verreckt Skateboard_Tricker auszeschaffen. Wat doraus ginn ass wësse ma all: Vill Erënnerungen aus eiser Kandheet a Jugend.

Elo, 20 Joer an 19 Tony Hawk Spiller méi spéit, mécht den Anthony Frank Hawk eis e weidere Gefalen, dat mam Film "Pretending I am a Superman: The Tony Hawks Video Game Story". Den Titel baséiert op dem beléiftste Lidd vum éischte Spill "Pretending I am a Superman" vu Goldfinger.



D'Doku dréint ëm d'Skateboarden an de 90er, d'Evolutioun a wei dëse Sport u Popularitéit gewonnen huet - dobäi am Hannerkapp, dass d'Skateboarden am Summer 2020 op den Olympesche Spiller fir eng éischte Kéier mat dobäi wäert sinn! Zousätzlech geet et ëm d'Hierstellen an d'Entwéckele vum Tony Hawk's Skateboarding Spill a senge Nofolger. Gewise ginn Interviewe mat ënner anerem dem Eric Koston, Steve Caballero a natierlech mam Birdman himself Tony Hawk.

Lauschtert eran!

Produzéiert gëtt dat Ganzt vum Ex-Entwéckler vun Neversoft, dem Ralph D'Amato ënnert der Direktioun vum Ludvig Gür. Scho virun 3 Joer hu si domat ugefaangen, dëst Joer, fir den 20. Gebuertsdag vum Franchise Tony Hawk soll de Film endlech erauskommen. Den nei verëffentlechten Trailer ass vill verspriechend a léisst d'Virfreed klammen. Fir déi, déi elo esou nostalgesch sinn ewéi mir an d'Spiller zocke wëllen: E Spill fir de Smartphone ass 2018 fir IOS an 2019 fir Android erauskomm. Maple Media presentéiert dat neisten Tony Hawk Spill mam Numm "Tony Hawk's Skate Jam".