VakanzInsta-Touris iwwerrennen d'Lavendelfelder zu Valensole

Duerch Instagram entdecken Touristen ëmmer méi onbekannte Plazen.

06.09.2019, 04:30:50

© pexels

Venedeg, Barcelona oder Amsterdam. Datt vill Stied Problemer mam Massentourismus hunn ass kee Geheimnis. Den neien Trend geet awer an eng aner Richtung. Ëmmer méi ländlech Géigenden an heemeleg Plazen, déi bis elo nach vum Tourismus verschount bliwwe sinn, gi vu Social-Media-User iwwerschwemmt.

Dat neiste Beispill dëse Summer: D’Lavendelfelder bei Valensole am Süde vu Frankräich. Alles huet domat ugefaangen, datt e puer Social-Media-Begeeschterter d’Felder entdeckt a Fotoen dovun online gesat hunn. Mëttlerweil ginn et op Instagram ënnert dem Hashtag #Valensole scho méi ewéi 82.000 Posts. Wann ee bedenkt, datt et sech ëm ee klengt Duerf mat 4.000 Awunner handelt, ass dat scho krass.


View this post on Instagram

📍Valensole, France Featuring @isatravelsoul 😍 ___________________________________________ Join our upcoming Telegram community channel where we share useful guides, blog articles and feature travel accounts! Link in bio💌 Currently: 94 members💛 ___________________________________________ Everyday, we curate the best shots for all travel inspo. Tag us + use #thedreamytravels to be featured!📸 • • • • • #girlgoneinternational #iwanttotravel #solotraveldiaries #solotraveling #sheisnotlost #goplaces #notallwhowanderarelost #travelmoments #mytravel #dametraveler #scenicsunset #ilovethisplace #womenwhowander #favouriteplace #wheretonext #solotravel #worldtraveller #roadtrips #valensole #amazingplace #instatrip #femmetravel #visitfrance #womenwhotravel #wanderlusting #lovetheworld #traveling #femaletraveler

A post shared by Women Travel Community💃🏻 (@thedreamytravels) on




Dat Schlëmmst ass awer d’Behuele vun den Touristen, oder besser gesot den zu enger Aart mutéierten Zombien op Selfie-Juegd: De Lavendel gëtt platt getrëppelt oder erausgerappt, Mënschemasse stinn an de Felder ze poséieren a sech géigesäiteg ze fotograféieren. D’Natur gëtt mëssbraucht, just datt ee fir Instagram déi perfekt Foto kritt. Deene meeschten Influencer ass hiren Egoismus wahrscheinlech emol guer net bewosst. Datt d’Felder engem anere gehéieren, datt d’Lavendel-Planze futti ginn oder datt d’Bauere jo och vun der Recolte liewe mussen, interesséiert awer keen.





Et kann een den Insta-Touristen also nëmmen uroden an Zukunft zweemol iwwert d’Suite vun hire Posts nozedenken. Éischtens ginn esou aussergewéinlech schéi Plazen ewéi d’Lavendel-Felder zu Valensole duerch de Massentourismus lues a lues zerstéiert. An zweetens stinn do och ëmmer Mënschen hannendrun. An dësem Fall d’Baueren, déi vum Lavendel liewen an net d’Méiglechkeeten hunn sech géint de risegen Undrang ze wieren.

Lauschtert eran!