Iwwer d'ganz WeltSchlecht Noriichte si méi erfollegräich

U sech missten eis gutt Noriichte jo méi interesséieren an awer sinn et meeschtens déi schlecht Noriichten, déi dominéieren. De Grond: se si méi attraktiv.

Leschten Update: 05.09.2019, 15:33:04

© Pixabay

E Brand huet méi Succès wéi e Lottogewënn

An zwar si schlecht Noriichte ganz einfach méi attraktiv. D'Fuerscher vun der Political Science University vu Michigan wollten nämlech genee wëssen, firwat et esou vill méi schlecht Noriichte gi wéi positiver.
Dofir hu si den iwwer 1'000 Testpersounen aus 17 Länner iwwer 6 Kontinenter zoufälleg ausgewielten Noriichte vun der BBC gewisen, dorënner waren déi eng positiv, z.B. e Lottogewënn, déi aner negativ, z.B. e Brand.

Während d'Leit sech dës Noriichten ugekuckt hunn, gouf hire Bols an hir Häutleitfäegkeet gemooss. Dës kënne béid eppes iwwer d'Agitatioun vum Kierper aussoen a ginn ënner anerem och bei Ligendetektere benotzt.

Méi staark Reaktioune bei Bad News

An d'Resultat war, dass déi schlecht Noriichten däitlech méi Kierperreaktiounen ausgeléist hunn. Dat gëllt iwwerdeems fir all d'Länner, aus deenen d'Leit ënnersicht gi sinn, och wann et lokal Nuance ginn. Esou war z.B. a Brasilien, den USA, Ghana a Russland d'Reaktioun op schlecht Noriichte besonnesch grouss. A Japan, Schweden oder Neiséiland war se dogéint vill manner staark, och wann den Ënnerscheed nach ëmmer ganz däitlech war.

Ma ganz iwwerraschend kommen d'Resultater net.

Negativ Aflëss hu méi eng grouss Auswierkung op eis Psyche

Negativ Aflëss, sief et Gedanke, Gefiller oder Erliefnisser hu vill méi eng staark Wierkung op eis Psyche, wéi neutraler oder positiver. An et ass jo grad do wou verschidde Medien usetzen, ganz nom Motto: „Wat méi Zerstéierung, Dout a Leed, wat besser.“ Dëst verkeeft sech besser an um Enn si Clicks, Nolauschterer, Lieser oder Abonnente fir déi meeschte Medie boer Suen.

Ma zanter méi laangem ginn et Géigestréimungen, déi probéieren de Fokus méi op positiv Noriichten, sougenannte Good News ze riichten. An an deem Sënn betounen d'Fuerscher, dass zwar e kloren Trend aus de Analys ervir geet, dass trotzdeem vill Testpersounen ganz einfach aus der Rei gefall sinn a méi staark op positiv Noriichten ugespronge sinn.