Monster vu Loch Ness"Nessie": DNA-Spuren deiten op Risen-Éil

Gëtt et d'Monster vu Loch Ness elo oder net? Fuerscher hunn nei DNA-Spuren ausgewäert an hunn d'Resultater en Donneschdeg presentéiert!

Leschten Update: 05.09.2019, 16:30:30

© ANDY BUCHANAN / AFP

Eng riseg Kreatur mat laangem Hals, déi am Waasser schwamme kann an och do hiert Onwiesen dreift– esou oder sou ähnlech kann een d'Nessie, dat faméist Monster vu Loch Ness, beschreiwen. Schonn ëm 565 no Christus gouf d'Story eng éischte Kéier opgegraff, ma och nach Joerzéngten duerno melle sech ëmmer nees Touristen, déi d'Nessie gesi wëllen hunn – och wann et ni kloer Indice fir d'Existenz vum Waasserdéier gi sinn, d'Geschichte sinn iwwert d'Joren net manner ginn.

Lauschtert eran!

Fuerscher vun der neiséilännescher University of Otago hunn dat lescht Joer 250 Waasserprouwen aus dem Séi geholl, an dës analyséiert an ausgewäert. Esou ass net just nom legendären Nessie gesicht ginn, mee och no aneren Déiercher an och Bakterien am Waasser. An deem Kader gouf dësen Donneschdeg eng Pressekonferenz ofgehalen, fir de Public d'Resultater ze presentéieren. Dës sollen also ee fir alle mol déi populäersten Theorië widderleeën oder vläicht ënnerstëtzen.

De Fuerscher no, gëtt et kee genetesche Beweis fir d'Existenz vun enger urzäitlecher Reptilien-Populatioun am Séi am Loch Ness. Dozou gehéiert de Plesiosaurier, fir deen d'Nessie jo gehale gëtt. Wien op d'Existenz vum Monster gesat huet, wäert wuel elo enttäuscht sinn. Ma d'Resultat schléisst awer eigentlech net aus, datt et d'Nessie awer gëtt – just net an där Form, wéi et zënter Joren duergestallt gëtt.

Op ville Fotoe gesäit een dëse Plesiosaurier. De Gros gouf duerch de Photoshop gejot, also hunn se net vill mat der Wourecht ze dinn. Wat bleift ass d'Virstellung vun engem Éil als méiglech Erklärung: D'DNA-Spure weisen, datt et wuel vill Éilen (op däitsch "Aalen") am Séi ginn. Fir d'Visioun vum Nessie oprecht ze erhalen, mussen dat awer grouss Déiere sinn – genee dovunner ginn d'Fuerscher och aus. D'Virstellung vun engem Risen-Éil am schottesche Séi wäert an den nächste Joren also nach weider erfuerscht ginn.