Handy a Co.Verletzungen a Krankheeten duerch de Smartphone

Duerch de Gebrauch vum Handy huet een oft eng ganz komesch Haltung an déi kann zu klengen oder gréissere Verletzunge féieren.

Leschten Update: 06.09.2019, 08:17:32

© Pexels

Problemer mam Ielebou trieden heefeg bei Tennisspiller op. Ma och bei Mënschen, déi vill telefonéiere kann sou eppes Ähnleches passéieren. D'Gelenk ass nämlech net dofir gemaach fir laang an enger extrem gebéiter Stellung ze sinn. Wann der vill telefonéiere musst, dat maacht dat mat engem Headset oder mat enger Fräispriech-Funktioun.

Eng Smartphone-Akne gëtt et allerdéngs och. Dat huet ganz einfach domat ze dinn, dass de Schierm vum Handy oft voller Bakterien ass, déi ee sech jo da beim Telefonéiere quasi direkt an Gesiicht dréckt. Fir dat ze verhënneren hëlleft et scho reegelméisseg seng Hänn anstänneg ze wäschen an de Bildschierm reegelméisseg gutt ze botzen.

Duerch d'Vill schreiwen um Handy kann een och en SMS-Daum kréien. Doduerch kann ee Permanent Péng am Daumegelenk kréien. Och dat kann ee verhënneren andeem een op Sproochnoriichten zeréck gräift.

Eng YouTube-, iPhone- oder Video-Schëller ass dann de Begrëff, deen ee benotzt, wann een ze oft ze vill Videoen um Handy kuckt an doduerch d'Scheller iwwert eng méi laang Zäit an enger ongënschteger Positioun ass. Fir déi Verspanungen an der Schëller ze reduzéiere kann een de betraffene Beräich mat enger antirheumatescher Crème areiwen.

An d'Handy-Genéck ass e weidere Problem, nämlech Déi permanent gebéckte Positioun vum Genéck. D'Wirbelsail gëtt an deem Beräich vill ze laang ze vill Gediebelt. D'Muskelen am Genéck Verspannen an dat mécht sech duerch d'Péng bemierkbar. Verhënnere kann een dat andeems een drop oppasst de Kapp net méi sou wäit ze diebelen an wann een d'Muskulatur am Genéck reegelméisseg dehnt.

Lauschtert eran