London CallingNei Musek vum Adele nach dëst Joer?

Gleeft een de Rumeuren, da wier et a 7 Wochen esou wäit!

10.09.2019, 08:09:00

© VALERIE MACON / AFP

Och wann de Boris Johnson am Moment probéiert Groussbritannien an de Chaos ze stierzen, esou ginn et dach e puer kleng Hoffnungsschimmer dass hei op der Insel nach net alles verluer ass. D’Queen ass nach ëmmer do a probéiert sech esou gutt ewéi méiglech aus allem erauszehalen, den James Bond kennt d’nächst Joer endlech nees an de Kino, an elo soll anscheinend och nach eng vun de bekanntste britesche Sängerinne op der Welt endlech hiren neien Album erausbréngen, nämlech d’Adele.

Lauschtert hei de Reportage:


4 Joer sinn et schonn hier zënter dem Adele säi Megaalbum “25” erauskoum an all Rekorder gebrach huet. Deemools sot hatt, dass hatt sech elo emol eng Auszäit vun e puer Joer gënne wäert mee domadder soll et dann elo eriwwer sinn. E Mataarbechter vu sengem Label huet sech nämlech verschwat a gesot, dass den Album rechtzäiteg fir Chrëschtdag dëst Joer erauskomme soll. Scho gëtt wëll spekuléiert, dass den Album Ufank November an déi éischt Single dann Enn Oktober erauskomme soll – genee esou wéi beim leschten Album.

D’Adele sot dann och virun e puer Joer, dass säin nächsten Album definitiv net méi no sengem Alter benannt soll ginn. Deemools war seng Preferenz en einfach “Adele” ze nennen. Ob dat dann och nach ëmmer stemmt, fanne mer spéitstens a 7 Wochen eraus, wann d’Briten hoffentlech endlech nees eppes hunn op dat se sech freeë kënnen, nämlech nei Musek vun enger Kënschtlerin déi wierklech jiddereen gutt fënnt – egal ob een elo fir oder géint de Brexit ass.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter