Game of Thrones meets LGXOch de Robert Baratheon kënnt op Lëtzebuerg!

Opgepasst, opgepasst - "Winter is coming"! Dëst souwuel Wieder-technesch wéi och schauspilleresch.

Leschten Update: 12.09.2019, 16:32:35

© Screenshot YouTube

No der Annonce, datt den Tom Wlaschiha, bekannt als Jaquen H'ghar oder och "The Facelessman" an der Serie Game of Thrones op d'Luxembourg Gaming Xperience kënnt, gouf elo e weidere GoT-Schauspiller annoncéiert.

De Mark Addy, deen de King Robert Baratheon an der Serie spillt, kënnt och op Visitt an de Grand-Duché.

Den Tom Wlaschiha ass den 28. September an der Luxexpo ze fannen, de Mark Addy den Dag drop den 29. September.



D'LGX ass eng Konventioun zu Lëtzebuerg an der Luxexpo, ausgeriicht op Konsol- a Computerspiller souwéi E-Sports, nei Technologien a mat engem Fokus op d'japanesch Kultur.

Fir Game of Thrones-Fans heescht et also sech de Weekend vum 28. September onbedéngt fräi ze halen!