Bezéiungsgléck"Phubbing" stéiert d'Liewen an der Koppel

Ëmmer méi Leit notzen Handy, Tablet a PC och wa si mam Partner zesumme sinn. Dat kann enger Bezéiung schueden.

10.09.2019, 11:33:39

© Yasuyoshi CHIBA / AFP

"Phubbing" ass eent vun den neie Konschtwierder, déi di méi onschéi Säiten vun der Digitaliséierung op de Punkt bréngen. Et setzt sech zesummen aus den englesche Begrëffer "phone" an "Snubbing" - also ee vun de Kapp stoussen. Gemengt sinn Ënnerbriechungen virun allem duerch de Smartphone - wat beim Partner als feelend Wäertschätzung kann eriwwer kommen. Wéi eng nei Etüd weist, kënnen sou Gespréichsstéierungen an enger Partnerschaft awer Spuere hannerloossen.

Knapp 350 Koppelen hunn zwou Wochen laang matgedeelt, wéi hir Stëmmung war, d’Kommunikatioun mam Partner an eventuell Stéierungen duerch technesch Geräter. Resultat:  Wat d’Partner méi Ënnerbriechungen genannt hunn, wat si och d’Kommunikatioun als méi schlecht bewäert hunn. Méi wéi all 2. Kandidat huet un 2-3 vun am ganze 14 Deeg sou Ënnerbriechunge wärend dem Gespréich mam Partner genannt. All 6. schwätzt vun sou Stéierungen op all 2. Dag oder nach méi oft

D’Fuerscher warnen allerdéngs virun enger Generaliséierung. Decisiv wier, ob d’Partner sech am Alldag eens wieren. Wann si alle béid d'Verschécken vum Messagen beim gemeinsamen Iessen net als Desintressi oder Geréngschätzung gesinn, da géing och keen drënner leiden. Net op d’Stéierung kënnt et deemno un, mee dorops, di selwecht Wäerter an Normen ze hunn.