Brexit-ChaosKeng Neiwalen, Zwangspaus fir d'Parlament, an elo?

D'Gesetz briechen, zrécktrieden oder provozéieren: vill Optiounen huet de britesche Premier net méi, wann hie säi Verspriechen anhale wëll.

Leschten Update: 10.09.2019, 11:26:36

© Tolga AKMEN / AFP

A Groussbritannien gouf et nees eng Néierlag fir de Premier Boris Johnson. D'Parlament huet seng Demande op virgezunnen Neiwalen op en neits refuséiert. Et ass zimlech onwahrscheinlech, dass Neiwalen nach virum geplangten EU-Austrëtt Enn Oktober ofgehale ginn.

Méiglech wier awer dass sech d'Oppositioun dorops eenegt, de Boris Johnson duerch ee Mësstrauensvott ze entmuechten, a sech op eng Iwwergangsregierung ze eenegen. Dozou kann et awer eréischt kommen, wann d'Parlament vum 14. Oktober un, nees zesummekënnt. D’Parlament gouf vum Johnson elo nämlech an eng Zwangspaus geschéckt. Vill kënnen se aktuell also net maachen, ma an engem ëffentleche Bréif hunn d’Deputéiert aus verschidde Parteien schonn annoncéiert, sech dat net gefalen ze loossen. Riets ass vun der Bildung vun engem alternative Parlament.

D’Majoritéit vun den Deputéierte wëll deemno eng Fristverlängerung vum Brexit-Datum bis Enn Januar bei der EU ufroen. Een No Deal kënnt fir si net a Fro. Ma eng Fristverlängerung kënnt awer fir den Johnson net a Fro. Hie wëll weider mat der EU iwwert ee bessert Ofkommes verhandelen. Ma säitens der EU heescht et ëmmer nees, dat et fir Groussbritannien kee besseren Deal wéi den aktuelle wäert ginn. A fir den Johnson ass een Austrëtt ouni Deal och méiglech.

Den Johnson konnt elo awer net verhënneren, dass ee Gesetz, dat een ongereegelte Brexit ouni Vertrag Enn Oktober verbitt, a Kraaft trëtt. D'Gesetz zwéngt de Premier bei der EU ëm eng Fristverlängerung bis Enn Januar 2020 ze froen, et sief dann, hien hätt bis Mëtt Oktober een neie Kompromëss mat der EU. Et bleift also weiderhi chaotesch, an nach ëmmer weess een net wéi et viru geet…

Lauschtert hei d'Reportage am Toun: