Serien&FilmerWat stécht hannert dem Phenomen "Comfort Binge"?

Firwat kucke mir eigentlech ëmmer erëm déi nämmlecht Serien?

Leschten Update: 10.09.2019, 14:55:22

© Pixabay

"Comfort Binge" - esou heescht de Phenomen, wann ee Serien oder Filmer ëmmer an ëmmer erëm kuckt. Ma dat huet direkt e puer Grënn. Et fänkt domat un, datt en ze grousse Choix de Mënsch onglécklech mécht. Sief et, datt ee sech am Restaurant net entscheede kann, wéi ee vun deene ville Platen een dann elo bestelle soll oder eben och beim Eraussiche vu Filmer oder Serien op Netflix oder soss Streamingplattformen.

Et fält eis schwéier, bei där enormer Offer nei Filmer oder Serien ze fannen, déi eis gefalen. Nodeems mir eis duerch 20 verschidden Trailere geklickt hunn, kucke mir dann awer léiwer fir di honnertste Kéier "Friends", "The Big Bang Theory" oder "Gilmore Girls". Well mir ebe genee wëssen, wat wéini geschitt an eis doduerch sécher a gebuerge fillen.

Déi Serien, déi mir ëmmer erëm kucken, hunn och alleguer bestëmmte Charakteristiken. Et si meeschtens Serien, déi episodesch erzielt ginn, dat heescht, d’Folge kënnen och eenzel fir sech stoen, och wann et eng iwwergräifend Handlung gëtt. Dat erméiglecht eis zu all Moment eran ze kucken oder och erëm aus ze maachen. Dobäi kënnt nach, datt et ganz dacks Comedy-Serien sinn déi mir "comfort-bingen", fir eis no engem stressegen Dag op der Aarbecht ofzelenken.



Datt mir Filmer a Serië méi dacks kucken, kann awer och einfach doru leien, datt et e Ritual oder eng Traditioun ginn ass. Zum Beispill kucke vill Leit de Film "Drei Haselnüsse für Aschenbrödel" op Chrëschtdag oder "Dinner for One" op Silvester. "Comfort-Binge" hänkt awer och mam Media-Multi-Tasking zesummen. Haut ass et quasi normal, datt mir op der Couche leien, d'Tëlee leeft, mir si parallel um Handy am Gaang ze chatten an niewendru läit nach de Laptop op deem mir kucken, wéi horrend deier dann elo déi nei Posch vun der Liiblings-Mark ass.

Mat där ganzer Oflenkung ass et méi einfach eng Serie lafen ze hunn, déi ee kennt. Wann een dann nämlech mol eng Kéier kuckt, weess een direkt, wou d’Handlung grad drun ass. Wann dir also besser vun ärem Netflix-Abo profitéiere wëllt, da probéiert iech och emol op interessant, nei Serien anzeloossen. 

Lauschtert eran!