Facebook DatingFacebook start eege Partnersich

Liken, Kommentéieren a Posten ass Bestanddeel vun eisem Alldag. Dovu profitéiert Facebook a lancéiert eng nei Dating Méiglechkeet.

Leschten Update: 10.09.2019, 19:08:50

© Pexels

Virun e puer Joer hat de Mark Zuckerberg ugekënnegt, dass hie mat Facebook de Leit d'Partnersich vereinfache wéilt. An zënter dem 4. September 2019 kënnen d'Notzer an den USA déi op d'mannst 18 Joer hunn, dovu profitéieren.

Op Facebook mécht ee sech ee separate Profil an do kritt een da Partnervirschléi. Fir de richtege Partner ze fanne ginn déi perséinlech Informatioune geholl, déi Facebook schonn iwwert ee gesammelt huet.

Déi eege Facebook-Kollege ginn ausgeschloss. Dëst kann een awer am Dating-Profil als ''heemleche Schwarm'' markéieren. Hei ass et dann de Prinzip wéi op Tinder. De Schwarm gesäit dat nëmmen dann, wann dësen de Veréierer och als Schwarm markéiert.

Fir sécher kënnen ze flirten, léisst Facebook nëmmen Textnoriichten als Kommunikatioun zou. Videoen, Fotoen oder Links kënnen hei net verschéckt ginn. Et kann een awer an d'Dating-Plattform och Inhalter vun Instagram mat afléisse loossen. Fir säi Profil do e bësse kënnen ze pimpen.

Am Fréijoer 2018 hat de Facebook Chef Mark Zuckerberg d'Pläng fir de Projet virgestallt. A Kolumbien ass dëst ausprobéiert ginn an ass mëttlerweil och schonn an iwwer 20 Länner accessibel.

Fir Europa geet dat ganzt dann awer a Ufank nächstem Joer lass.

Mat deem ganzen Online-Dating hunn d'Leit ëmmer manner Interêt doru mat frieme Persounen dobaussen ze schwätzen an esou nei Leit kennen ze léieren. De Courage fir eng friem Persoun un ze schwätzen geet ëmmer méi verluer. An dat ass richteg schued. Well sou déi ganz normal Sozial Aart a weis mat engem ze schwätzen e bësse verluer geet.

Fir all déi déi léiwer d'Leit vun der Kusch aus kënne léiere wëllen, déi kënnen sech dann op de Start vu Facebook-Dating freeën.


Lauschtert eran