Nogefrot!Mir raume mat klassesche Partnermythen op!

Eng Bezéiung kann eppes wonnerschéines sinn. Mee och eng Partnerschaft huet mat Stereotyppen, Viruerteeler a Mythen ze kämpfen.

Leschten Update: 17.09.2019, 12:39:43

© pexels.com

D’Frae granzen ëmmer wéinst allem, kucken nom Stot a bekachen dann owes de Mann. D’Männer am Géigesaz bezuelen d’Iessen am Restaurant a fuere meeschtens mam Auto – well si dat jo anscheinend besser kënnen.

Mee Stereotyppe sinn eigentlech jo näischt anescht wéi ageprägten, bildhaft Beschreiwunge vu Mënschen oder Gruppen. Komplex Zesummenhäng gi reduzéiert a vereinfacht duergestallt. Kuerz, eng dacks negativ Verallgemengerung fënnt statt. Vill vun de Partnerschaftsstereotyppen baséieren op de Fra-Mann-Stereotyppen.

Mee, da ginn et Momenter wou ee sech freet, wéi kéint esou eng Bezéiung haut iwwerhaapt nach funktionéieren? An Zäite vun der Gläichberechtegung vu Fraen a Männer kann et jo net méi sinn, dass d’Fra de Stot schmäisst während de Mann Televisioun kuckt oder?

Ënnert dem Stréch koum bei den Ëmfroen ëmmer dat nämmlecht eraus: "Nee d'Stereotyppe vu fréier kënnen net sou stoe gelooss ginn a missten der haiteger Zäit am Prinzip eemol ugepasst ginn."

Natierlech ginn et ëmmer nach d’Fraen déi kachen, mee net méi well si mussen, mee well si Spaass dorun hunn. Nach méi dacks ass eis awer opgefall, dass de Mann hëlleft oder souguer selwer kacht! Genau sou ass et mam Auto fueren, dacks gëtt sech ofgewiesselt an dee wou grad Loscht huet fiert.

Mir hu bei de Leit nogefrot wéi et da bei hinnen an der Bezéiung ass.

Lauschtert iech hei d'Äntwerten un