FuerscherAn Zukunft duebel esou vill Turbulenzen op Laangstreckeflich

Bis 2050 sollen Turbulenzen op Laangstreckeflich sech verduebelen. Schold soll de Klimawandel sinn.

10.09.2019, 15:55:51

© Unsplash

Grad dee Moment, wann ee waarme Kaffi kritt oder ee séier op d'Toilette am Fliger muss, sackt d'Maschinn of. Kuerz drop stabiliséiert sech dat Ganzt nees an de Bols an eise Mo berouege sech. Sou oder sou ähnlech kann een Turbulenze beschreiwen an déi mannste wënschen sech während hirem Fluch gutt duerchgerëselt ze ginn.

Lauschtert eran!

Ma bis d'Joer 2050 soll d'Unzuel un Turbulenzen op Laangstreckeflich awer zouhuelen. Genee dat soe britesch Fuerscher. Grond soll den Afloss vum Klimawandel op d'Loftstréimungen uewen am Himmel sinn. Ma wat stécht nach dohannert? Virun allem kann et am sougenannten Jetstream méi onangenehm ginn. Der Etüd am Magasinn "Nature" no huet de Klimawandel den Jetstream esou beaflosst, datt d'Wandvitessen a verschiddenen Héichte sech staark ënnerscheeden.

Deemno solle sech d'Turbulenzen a Loftstréimungen an e puer Dausende Meter Héicht bis 2050 verduebelen. Wéi et aus der Etüd ervirgeet, si fir eis Laangstreckeflich betraff, well vum transatlantesche Beräich riets geet. Den Jetstream huet fir de Gros vun der Zäit als angenehm, mat kräftege Loftstréimungen, gegëllt. Ma duerch de Klimawandel hätt sech dat scho geännert a sollt fir d'Zukunft och net anescht sinn.

Donieft kann eng CAT, op Englesch "Clear Air Turbulence" genannt, doduerch méi dacks optrieden. Wéi den Numm et scho vläicht undeit, geschéien Turbulenzen hei, wann den Himmel eigentlech fräi vu Wolleken ass. Eng CAT kënnt onerwaart a kann an e puer Fäll just vu spezielle Radaren detektéiert ginn. Wéi zum Beispill Spiegel Online geschriwwen huet, schaffen aktuell Wëssenschaftler drun, fir eng CAT besser virauszesoen.