Trends an ZukunftInternational Auto-Ausstellung

Den 12. September start déi grouss IAA zu Frankfurt. Neies an d'Zukunft vum Auto gëtt do virgestallt.

11.09.2019, 08:00:43

© Pexels

D'Mënsche loosse sech duerch Autoe begeeschteren déi a punkto Design iwwerzeegen. Ma d'Technik ass awer och do net ewech ze denken. Och déi spillt eng wichteg Roll ob Leit en Auto kafen oder net.

D'Elektromobilitéit ass dee Punkt, un deem een aktuell fest hält wann et ëm d'Mobilitéit geet. D.h d'Elektroautoe stinn ëmmer méi am Fokus an ëmmer méi innovativ Entwécklunge kommen op de Marché. Op der IAA dëst Joer gëtt awer och de Waasserstoff als Energiequell fir den Auto diskutéiert. D'Technologie mat Brennstoffzellen ass nämlech eng Méiglechkeet mat Perspektiv fir d'Zukunft.

Fir déi nei Generatioun vun Autoe spillt och d'Entertainment eng grouss Roll. Op der Ausstellung gëtt d'"Virtual Reality" domat a Verbindung bruecht. An zwar kënnen d'Passagéier am Auto mat hëllef vun engem VR-Brëll, Videospiller an interaktiv Inhalter vill méi realistesch erliewen. Den Headset passt sech nämlech permanent de Beweegungen vum Auto un. D.h wann een z.b a sengem Spill op engen Draach reit an den Auto an der Realitéit eng Rietskéier mécht, da mécht den Draach iwwert den Headset genau déi nämmlecht Beweegung. Et kritt een also d'Gefill wéi wann een wierklech am Videospill dra wier.

An och d'Rad gëtt nei erfonnt. Virun 2 Joer ass op der IAA schonn de Pneu "Concept Vision" fir den Auto virgestallt ginn, deen ee net mat Loft fëlle muss, mee ganz aus Gummi besteet. Dat war allerdéngs éischter eng Visioun, déi elo awer vill méi konkret gëtt. De Nofolger mam Numm "Uptis" ass schonn am Testasaz a soll och dëst Joer nach op ëffentleche Stroossen an den USA getest ginn. Fir de Maart soll dëse Pneu dann ab 2024 fräigi ginn. 
E platte kann een domat also scho sécher net méi kréien.

Dir gesitt also, dass d'Zukunft fir den Auto net nëmmen um Fokus vun der Elektromobilitéit an dem Autonome fuere läit.

Lauschtert eran