Happy Hour am SupermarchéEsou gi manner Liewensmëttel ewechgeheit

Vun 21h00 ginn an de Filiale vun enger finnescher Supermarchés-Châine, Fleesch- a Fëschproduite méi bëlleg verkaf.

Leschten Update: 11.09.2019, 11:39:49

© pexels.com

D'Konzept kennt ee well vu Baren an Discoen. An der sou genannter Happy Hour gëtt Gedrénks méi bëlleg ugebueden. Meeschtens gëtt dat zu deenen Auerzäite gemaach, wärend deenen an der Reegel wéineg Clienten do sinn, fir ebe Clienten an hir Bar oder Disco ze lackelen.

Déi finnesch Supermarchés-Chaîne S-Market huet dëst Konzept elo iwwerholl. An all de Filiale vun der Entreprise gëtt et an Zukunft all Dag vun 21h00 un eng sou genannten Happy Hour. Allerdéngs kritt een hei keng Cocktailer zu engem reduzéierte Präis, mee et sinn d’Präisser fir Fleesch- a Fëschproduiten déi staark reduzéiert ginn. Cliente kënnen sou selwer bei scho Präis-reduzéierter Wuer nach eemol bis zu 60 Prozent spueren.

D’Idee dohannert ass, dat sou nach Produite verkaf solle ginn, iert um Mëtternuecht den Oflafdatum ofleeft. Well déi meescht Iesswueren awer och nom ugewisenen Oflafdatum nach vergläichsweis laang iessbar sinn, ergëtt sech hei eng Win-Win-Situatioun. D’Cliente spuere Suen an de Supermarché muss manner, eigentlech nach gutt Liewensmëttel, ewechgeheien.

Allerdéngs ass den Usaz aus wirtschaftlecher Siicht net ganz ongeféierlech. Sou kéinte Clienten, déi bis ewell dagsiwwer ganz normal Fleesch- a Fëschproduite kaf hunn, elo bewosst owes akafe goen. D’Recette wärend der Happy Hour géifen doduerch zwar an d’Luucht goen, d’Ëmsätz wärend dem Dag géifen awer dru leiden.

D’Experiment soll elo mol iwwer zwee Joer lafen. Mol kucken, ob sech dat fir d‘Entreprise lount. D’Idee, Liewensmëttel déi nach gutt sinn, méi bëlleg ze verkafen, amplaz se ewechzegeheien, ass jiddefalls gutt.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio: