Micro-CheatingE bësse Friemgoen ass ok?

D'Vertrauen an enger Bezéiung ass den A an den O. Ma ab wéini kann ee vun engem Vertrauensmëssbrauch schwätzen a wat ass Micro-Cheating?

12.09.2019, 08:00:00

© Pexels

Et ginn 100 verschidde Méiglechkeete wéi eng Bezéiung op en Enn ka goen. D'Gefiller si fort, e Mangel un Interesse deen de Partner deem anere weist oder den absolute Killer vun enger Bezéiung, nämlech d'Friemgoen. Ech géing jo mol behaapten, dass e Säitesprong oder e Kuss mol definitiv dorënner fällt.

Et gëtt awer och nach eppes dat nennt sech Micro-Cheating. Dat ass quasi eng Gro-Zon an der een dem Partner net am klassesche Sënn friem geet. Dat net loyal sinn dréckt sech hei éischter doduerch aus, dass een op eng Persoun ausserhalb vun der Bezéiung fokusséiert ass. Dorënner versteet een d'Schreiwe mat enger anerer friemer Persoun vun der ee sech ugezu villt, oder souguer en Date mat enger Persoun vum anere Geschlecht ouni kierperleche Kontakt an ouni dem Partner eppes dovun ze zielen.

Et beweegt ee sech do op ganz dënnem Eis. Friemgoen am Klassesche Sënn ass et zwar nach net, ma net loyal an e Broch vum Vertrauen ass et trotzdeem, wann de Partner et esou gesäit. Et ka souguer e Grond sinn dass ee sech trennt, well esou d'Vertrauen net méi wierklech do ass.

Dat ass awer vu Mënsch zu Mënsch verschidden. Während déi eng d' Micro-Cheating als e No-Go gesinn, ginn et souguer Koppelen déi sech géigesäiteg friem ginn an allen 2 sinn domat d'Accord. Do ginn d'Meenunge ganz wäit auserneen.

Fakt ass, dass wann een an der Bezéiung net déi néideg Opmierksamkeet kritt, dann huet een d'Tendenz sech déi bei aner Leit sichen ze goen. Hei ass dann erëm d'Fro op een d'Limitt vum Micro-Cheating iwwerschreide wäert oder net.





Lauschtert eran