EU-KommissiounDen neie Ressort "Protecting our European Way of Life"

De Choix vun engem bestëmmten EU-Kommissär grad wéi den Numm vun engem neie Ressort steet aktuell an der Kritik.

Leschten Update: 11.09.2019, 16:39:57

© Kenzo TRIBOUILLARD / AFP

Och Lëtzebuerg ass ënnert den 27 Vertrieder dobäi, déi am Personal-Pak fir déi nei EU-Kommissioun festgehale goufen. Den LSAP-Politiker Nicolas Schmit krut de Ressort vun der Beschäftegung. Als fréieren Aarbechtsminister bréngt hien déi néideg Erfarung mat, fir un dësen Dossieren ze schaffen. Et kann ee sech also eppes dorënner virstellen.

Lauschtert eran!

Anescht ass dat beim nei geschaafte Volet mam Numm "Protecting our European Way of Life", deen dem konservative griichesche Politiker Margaritis Schinas zougedeelt ginn ass. Well genee dës Ressort-Beschreiwung steet elo a Kritik. De Politiker selwer huet op Twitter geschriwwen, datt hie sech ëm d'Migratioun, d'Sécherheet, d'Beschäftegung an d'Erzéiung këmme wäert. Wéi déi nei Kommissiounscheffin erkläert huet, géif et ëm Theme wéi Grenzkontrollen oder den Ëmgang mat illegaler Zouwanderung goen.

Ma wéi passen dës Theme mam Schutz vum "European Way of Life" zesummen? Kritiséiert gëtt, datt d'Iddi vun engem oppenen Europa net mam Konzept vu Grenzkontrolle vereent ka ginn. Europäesch Wäerter ze schütze kéint een hei als Widdersproch géintiwwer der Ënnerstëtzung vu Flüchtlinge verstoen, esou zum Beispill d'Reaktioun vun Amnesty International. Och op der Pressekonferenz gouf genee dat nogefrot an et gouf ënnerstrach, datt et ee komplexe Ressort mat wichtegen Themen a groussen Erausfuerderungen ass.

Ma d'Ernennung vum fréieren italienesche Premier Paolo Gentiloni als Kommissär fir Wirtschaft an d'Iwwerwaachung vu Finanzreegelen ass och op grouss Kritik gestouss. Et wier en ongléckleche Choix, datt en Italiener de Problem-Staat Italien iwwerwaache soll, esou d'Reaktioun vu verschiddene Politiker wéi och internationalen Organisatiounen. Et wäert sech also an noer Zukunft weisen, wéi déi verschidden EU-Kommissären un hir Dossieren eruginn an hir Aarbecht déi nächst 5 Joer ëmsetzen.