VakanzTop 5: meescht besichte Stied!

Wat sinn aktuell déi beléiftst Rees-Trends?

Leschten Update: 12.09.2019, 04:18:15

© pixabay


5. Singapur

Op der fënnefter Plaz steet di asiatesch Metropol Singapur. D’Wouerzeeche vun der Stad ass den impressionnanten “Marina Bay Sands Hotel”. Hannert dem Hotel fënnt een dann “d’Gardens by the Bay”, e flott ugeluechte Park an deem ënnert anerem d’Supertrees stinn. Ausserdeem kann een an der “Orchard Road” och nach gutt shoppe goen oder an de Quartieren Chinatown oder Little India d’Food Courts entdecken.



4. Dubai

Luxus, Extravaganz, déck Autoen, Scheiche mat gutt gefëlltem Porte-Monnie. Do kënnt engem direkt Dubai an de Kapp. A genee dat ass och eis Plaz 4. Ze kucke ginn et zum Beispill ultra modern Héichhaiser ewéi de Burj Khalifa – dat mat 828 Meter an 163. Stäck héchste Gebai vun der Welt. Do ginn et iwwregens och zwee Goldautomaten, bei deenen ee keng Suen mee ganz einfach Gold ophiewe kann.



3. Paräis

D’Bronzemedail bei de meescht besichte Stied vun der Welt geet u Paräis. Egal zu wéi enger Joreszäit kann een an der Stad vun der Léift e romantesche Weekend verbréngen. D’Champs-Élysées, den Eiffeltuerm, de Louvre oder de Centre Pompidou, dat si just e puer vun deene bekanntsten Attraktiounen di een zu Paräis entdecke kann.



2. London

Op där zweeter Plaz vun de meescht besichte Stied weltwäit steet London. Nieft deene bekannte Saachen ewéi der Tower Bridge, dem Big Ben oder dem Buckingham Palast, fënnt een zu London awer och di aktuell Trends wat Moud an Iessen ugeet. Iwwregens ass d’U-Bahn zu London di eelste vun der Welt.



1. Bangkok

Di beléiftste Stad bei den Touristen ass di thailännesch Haaptstad Bangkok. Zu Bangkok an Ëmgéigend kann een zum Beispill ronn 400 Tempele kucke goen an deenen ee lauter national Schätz an Hellegtemer bewonnere kann. Awer och an der Stad selwer kann een esou munches entdecken, Shopping Malls, de Quartier Chinatown oder och di typesch Mäert.


View this post on Instagram

The Grand Palace is a complex of buildings at the heart of Bangkok, Thailand. It’s the cities most famous spot. ⠀ ⠀ These pictures don’t do the place justice at all. In reality this place is way more breath taking. But I had to make a post about it, as a reminder that I was there 😍. ⠀ ⠀ There are a lot of tourists and it is nearly impossible to take a picture without them. ⠀ • ⠀ • ⠀ • ⠀ • ⠀ • ⠀ • ⠀ • ⠀ • ⠀ •⠀ •⠀ #grandpalace #bangkok #thailand #thailandtravel #travel #instatravel #templesofthailand #thailandstemples #grandpalacebangkok #thegrandpalace #ostgirlontour #vitaaliyah #travelgirls #travelgirlsgo #solotraveler #solofemaletraveler #bangkokthailand #bangkoktemple #gold

A post shared by How to Love Life (@vitaa_liyah) on




Lauschtert eran!