Kee Bock op d'Keelt?Summerlech Vakanzen-Destinatioune fir de Wanter

De Summer ass eriwwer. D’Deeg ginn ëmmer méi kuerz a virun allem méi kal. Mee net iwwerall op der Welt ass et déi nächst Méint iwwer kal an naass.

12.09.2019, 04:42:12

© Pexels

Bei agreabelen 30 Grad um Pool oder um Mier leien an dobäi e Cocktail genéissen. Sou definéieren déi meeschte Leit de Summer. Dofir ass et e Stëmmungs-Killer wann een un déi nächst kal Méint denkt.

Dir hutt zwou Optiounen: Entweder dir schleeft är schlecht Laun duerch de ganze Wanter. Oder dir kraazt alles wat dir nach u Congé hutt zesummen, fir ze verreesen. Esou bréngt dir e bësse Summer an de Wanter an dat deet richteg gutt.

Mee wouhin? Natierlech dohi wou et waarm a sonneg ass! Dat ass an der Karibik op alle Fall garantéiert. Wéi wier et mat de Barbados-Inselen? No 15 Stonne Fluch erwaarden iech do souguer am Dezember nach Temperature vu konstante 27 Grad. E Stéck méi bëlleg ass d’Insel Antigua, u Chrëschtdag a Silvester ass et awer prinzipiell iwwerall deier.

© Pexels
Eng weider Destinatioun mat Karibik-Flair ass Panama. Och hei ass et schéi waarm a virun allem net ze deier.

Dat kann ee vun Dubai a Bali net behaapten. An domat eriwwer an Asien. Natierlech kann ee sech och hei eng sonneg Vakanz matzen am Wanter gënnen. Wéi wier et da mat Thailand? Wann dir kee Problem mat Massen un Touristen hutt, wäert Phuket, net nëmmen a punkto Wieder, gefalen. Sri Lanka ass éischter en Insider-Tipp, dofir och richteg gënschteg.
© Pexels
Bleift nach Afrika. Wien am Wanter e bësse Vitamin D tanke wëll, kann dat am beschten op de Seychelle maachen. Wann de Budget dat net zouléisst, bidde sech mat Mauritius a Sansibar zwou aner Optiounen.

Dir musst eise Kontinent awer mol net verloossen. Och a Portugal, Spuenien oder der Tierkei ass de Wanter ganz angenehm, och wann Temperature vun em déi 20 Grad net fir jiddwereen duer ginn.